OGBL fuerdert méi Dialog an Transparenz
D'Salariéeë kréie keng Informatioune vun deene Responsabele vum Krise-Comité a vun Hëllef um Terrain, esou de Reproche vum OGBL.
Den OGBL ass frou, dass déi ronn 350 Mataarbechter vun der Caritas sollen an där neier Associatioun HUT kënne weiderschaffen. Ma de Wee dohi gefält dem onofhängege Gewerkschaftsbond net. Et feelt un Dialog a virun allem un Transparenz, esou de Reproche. Derbäi kënnt de Verloscht vun enger wichteger Stëmm am Sozialsecteur.
Amplaz mat de Personalvertrieder ze schwätzen, géifen d‘Mataarbechter elo stënterlech virun d‘Decisioun gestallt, hire Kontrakt mat der Caritas opzeléisen an en neie mat HUT z‘ënnerschreiwen oder hiren Job ze verléieren. Dat wier net korrekt a keng Aart a Weis mat Salariéen ëmzegoen, fënnt den OGBL.
Ongewëssheet belaascht d‘Salariéen
Et hätt ee keng Explikatioun dozou kritt, firwat all Salarié elo soll en neie Kontrakt ënnerschreiwen a se net einfach integral kënnen iwwerholl ginn. A genau dat, hätt si skeptesch gemaach, esou de Smail Suljic.
"Wa si bei eis komm wieren a gesot hätten: Mir hunn hei e juristesche Probleem, mir mussen dat esou maachen, wat haalt dir dovunner? […] A mir hätte kënnen eise Pefferkär bäileeën, dann hätt ee vläicht kënnen e puer Saache evitéieren."
Leit, déi am Sozialsecteur schaffen, wiere wuel duerch de sektorielle Kollektivvertrag geschützt a géifen hir Anciennetéit, hire Congé asw net verléieren, ma wéi déi nei Kontrakter konkret ausgesinn, wier net erauszefannen gewiescht, esou de Personaldelegéierte bei der Caritas Boris Westemeier.
"Eis Angscht ass, dass mir net wëssen, ob dat déi selwecht Konditioune sinn, bis mir déi Kontrakter virun der Nues hunn an dann entscheeden, ob mir se ënnerschreiwen. Deen Drock ass dat, wat et komplizéiert mécht. Dat ass eng Saach vun enger Woch an där mir entscheeden, schaffen ech fir eng nei Struktur oder net?"
Beim OGBL schléisst een net aus, dass déi nei Kontrakter änlech oder esouguer identesch sinn mat den aktuelle Kontrakter. Ma déi Informatioune kritt d‘Personal net, bis deen Ament, an deem soll ënnerschriwwe ginn.
Eng Organisatioun ouni politesch Stëmm
Déi Gedanke musse sech déi politesch Mataarbechter vun der Caritas iwwerhaapt net maachen, well si net wäerten iwwerholl ginn. Wien dat decidéiert huet, ass onkloer, ma de Smail Suljic vum OGBL hält näischt dovun. Dës Leit hätte Gewiicht am Secteur gehat.
"An dass do déi kritesch Stëmm soll erausgeholl ginn am Land, dat ass wierklech eppes, dat net ka finanziell Grënn hunn, mä éischter politesch oder prinzipiell an dat muss ee staark kritiséieren."
Den OGBL stéiert sech dann och dorun, dass eng Rei Leit aus dem Verwaltungsrot vun der Caritas mat am Krise-Comité sëtzen. D‘Vertrauen an déi Leit wier verluer an dat géif d‘Aarbecht fir d‘Salariéen immens schwéier maachen.
Den OGBL warnt
Esou wéi de Verwaltungsrot vun HUT opgestallt ass, géif iwwerdeems och näischt dorobber schléisse loossen, dass dëse responsabel ass fir eng karitativ Associatioun, fënnt de Smail Suljic. Dat gëtt der Gewerkschaft ze denken. Schliisslech wier de Sozialsecteur méi wéi nëmmen en Déngschtleeschter, deen Aufgabe fir de Staat iwwerhëlt.
Allgemeng huet den OGBL eng kloer Warnung un déi Responsabel vun HUT ausgeschwat. Sollt et net elo zu enger méi transparenter Kommunikatioun kommen, zu enger korrekter Iwwergangsphas an déi nei Entitéit an och zu engem besseren Aarbechtsklima an där neier Entitéit, da misst mat gewerkschaftleche Schrëtter gerechent ginn.
Déi Lénk reagéieren dann och an engem Communiqué op déi rezent Entwécklungen am Dossier Caritas / HUT a kritiséieren, dass HUT d'Aarbechtsrecht mat Féiss trëppelt. D'Salariéë géifen hir Acquisen, sou wéi Salaire oder aner Rechter opginn, a si hätte keng Garantie, dass se hir Aarbechtsplaz géife behalen. Donieft kéint een och keen zwéngen ze demissionéieren, do wier d'Aarbechtsrecht formell. D'Virgoe vun der neier Struktur gëtt als "inakzeptabel" beschriwwen.