Virun 80 Joer goufen 23 Lëtzebuerger am KZ-Hinzert erschoss

Tëscht 1939 an 1945 huet d'SS-Sonderlager Hinzert bestanen. An där Zäit ware wuel méi wéi 13.500 Mënschen do inhaftéiert, op d'mannst 321 goufen ëmbruecht.
Well Hinzert just knapp 50 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech läit, goufen och vergläichsweis vill Leit aus dem Grand-Duché do internéiert. 1.600, vun deenen der méi wéi 85 d'Lager net iwwerlieft hunn. 79 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich gouf, wéi ëmmer um 3. Samschdeg am September, un d'Affer vum Hinzerter Lager geduecht.
Wärend der däitscher Besatzung war et zu Lëtzebuerg geféierlech, wann ee sech ëffentlech oder och am klenge Krees kritesch iwwert d'Nazie geäussert huet. Dat konnt nämlech schonn duergoen, fir an ee Lager wéi Hinzert deportéiert ze ginn. Den Edmond Faber ass President vun der Amicale des Anciens de Hinzert Lëtzebuerg an erzielt, wat sengem Bop geschitt ass.
"De 15. Oktober 1943 ass menger Mamm hire Papp verhaft ginn, zu Bënzelt an der Mëtt vun hirem Duerf. Hie koum an d'Villa Pauly, e gouf warscheinlech verhéiert, wéi dat jo normal war, hie koum e puer Deeg an de Gronn an de Prisong an den 20. Oktober koum en hei hinner. An e gouf sou mësshandelt, datt en no zwee Méint an zwou Wochen, den 2. Januar 1944 hate se en nach eriwwer op Hermeskeil an d'Klinik geholl, an en ass do gestuerwen."
Hie wier schonn a jonke Jore vu senger Mamm an dem Rescht vun der Famill fir déi Thematik sensibiliséiert ginn.
Ee wichtegen Datum an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Resistenz war de 25. Februar 1944. Op deem Dag goufe virun 80 Joer 23 Lëtzebuerger Widderstandskämpfer a Patrioten an engem Bësch bei Hinzert erschoss. D'Melanie Noesen mat engem Auszoch vum Gedicht "23 Lëtzebuerger Jongen" vum Wëllem Weis:
"Dreianzwanzeg Lëtzebuerger Jongen
Sie fueren an der Dag, dee groot,
Sie sëtze Knéi u Knéi gedréckt.
De Präiss wor haart,
E gouw keng Gnood.
De Wand huet iwer d’Brooch gesongen:
Dreianzwanzeg Lëtzebuerger Jongen"
Datt de Glawe villen an där schwéierer Zäit gehollef huet, dorunner huet de Christian Heinz, Dekan Pastoraler Raum Hermeskeil, mat engem Gebiet vun engem Lëtzebuerger Prisonéier erënnert.
"Und war nicht mit uns das Bild derer, die auch in diesen Jahren noch für Luxemburg und uns alle wachte und sorgte? Ein Bild war uns ins Herz gegraben, ein Bild so schön und wundermild. Das Sinnbild aller guten Gaben, es war das Muttergottesbild. In guten und in bösen Tagen hat man dies Bild im Herzen getragen."
D'Nicole Steingaß ass Staatssekretärin am Ministère fir Wëssenschaft a Gesondheet vu Rheinland-Pfalz. Si huet an hirer Usprooch och deenen 20 Lëtzebuerger geduecht, déi nom Generalstreik 1942 vun den Nazien ëmbruecht goufen. Si huet awer och un déi Leit erënnert, déi d'Lager iwwerlieft hunn a bis zum Enn vun hirem Liewen ënnert den Erënnerunge gelidden hunn. Awer och de Courage vun de Resistenzler gouf ënnerstrach.
"Sie halfen Flüchtlingen, sie halfen mit Verstecken, sie halfen mit Informationen. Sie halfen mit allem, was ihnen für den Kampf gegen die Besatzung ihrer Heimat durch das NS-Deutschland notwendig erschien. Sie alle kämpften für ihr Land."
Et war dann och den Appell, sech an Zäiten, an deene rietspopulistesch a rietsextrem Parteie queesch uechter Europa un Zoulaf gewanne géingen, weider fir d'Fräiheet an d'Demokratie anzesetzen. Fir d'Feeler aus der Vergaangenheet net ze widderhuelen, wier d'Gedenken essentiel.