Tëschefall an Escher Kommissariat war den 21. August 2024

Rezent gouf et en Tëschefall mat enger Déngschtwaff um Policekommissariat zu Esch.
Dat hat den Inneminister schonn op eng parlamentaresch Fro geäntwert. Wéi de Léon Gloden matgedeelt huet, wier duerch eng falsch Manipulatioun an der Waffekummer e Schoss lassgaangen, deen duerch eng geséchert Dier gaange war. Dobäi gouf awer kee verwonnt.
Op Nofro huet d'Police matgedeelt, datt dësen Tëschefall den 21. August 2024 passéiert ass. Wéi d'Police weider preziséiert, kréien alleguerten d'Poliziste reegelméisseg en Training un der Waff, respektiv e Schéisstraining. Fir Beamten, déi um Terrain aktiv sinn, ass dat dräi Mol am Joer de Fall. Polizisten, déi haaptsächlech administrativ Missiounen duerchféieren, mussen eemol am Joer op esou een Training.