Geschwë rullen d'Baggeren op der Place de l'Europe
© Marc Hoscheid
An engem Mount wäerten d'Preparatiounsaarbechten ufänken. Dat neit Gebai soll Ufank 2027 a Betrib geholl ginn.
Wien aktuell um Kierchbierg laanscht d'Philharmonie fiert, deem fält vläicht de Chantier op der Trap op. Deen huet awer, anescht wéi ee vläicht menge kéint, näischt mam geplangten Ausbau vum Concertshaus ze doen. An engem Mount sollen d'Preparatiounsaarbechten ufänken. D'Vergréisserung ass schonn zanter zéng Joer geplangt a wier net vu Muttwëll.
180 Leit schaffen an der Philharmonie, 100 dovun am Orchester an de Rescht an der Administratioun an der Technik. D'lescht Joer hat een 206.000 Visiteuren, dobäi kommen Invitéen, déi an der Philharmonie Concerten halen, dorënner dacks ganz grouss Orchesteren. Et hätt een also de Besoin no zousätzleche Raimlechkeeten, esou den Direkter vun der Philharmonie, Stephan Gehmacher, deen erkläert wéi een deen neien Deel notze wëllt.
"Insbesondere werden wir diesen Bereich tagsüber sehr sehr intensiv für Schulaktivitäten, für Workshops, nutzen, ohne dass wir gleichzeitig die anderen Säle des Hauses blockieren, weil wir einfach eine viel höhere Belegungsrate haben, als das ursprünglich geplant war."








Dat neit Gebai soll et zudeem erlaben, de Backstage ze vergréisseren. Ma et kommen awer och eng Kantin fir d'Mataarbechter an ee Restaurant fir ronn 100 Visiteuren. Et hätt ee sech bei der Planung virun allem eng Fro gestallt.
"Was muss ein Haus, was muss eine Philharmonie, was muss ein Theater auch bieten, sozusagen an Accueil für das Public? Und da ist natürlich die Gastronomie und auch die Art und Weise, wie kann ich das Haus nutzen, vielleicht wenn ich direkt von der Arbeit in die Philharmonie komme, wie kann ich das Haus auch nach dem Konzert nutzen, wie kann ich da noch bleiben? Da gibt es heute ganz andere Ansprüche als vor 25 Jahren, und damals wurde ja die Philharmonie geplant. In dem Bereich werden wir uns natürlich enorm verbessern, dank des Anbaus."
Den Ubau gëtt vun deem selwechten Architekt realiséiert wéi d'Philharmonie. Et geet awer net just ëm d'Gebai selwer, mee och d'Place de l'Europe soll opgewäert ginn, wéi d'Martine Schmitt, Architektin bei Bâtiments publics a Responsabel vum Projet, erkläert.
"Dat ass ee wichtegen Deel vum Projet, dowéinst ass de Plang och sou gemaach, datt den Zougank zum Restaurant och iwwert d'Plaz méiglech ass. Datt duerch seng Oppenheet zur Plaz, och dat Spill tëscht de Kolonnen an dem Gebai, wou een ëmmer rëm bëssi eng aner Vue wäert hunn an och d'Attraktivitéit dann op der Plaz wäert verbesseren."
Domadder kënnt een och der Philharmonie entgéint.
"Das war sozusagen auch Teil der Diskussion und wird sicher auch Teil der Diskussion für das Bâtiment Schuman gegenüber sein. Zu sagen, wie können wir diesen Bereich des Kirchbergs noch stärker, noch besser beleben. So sehr der Platz, und darüber freuen wir uns, von den Skatern auch genutzt wird, aber es ist kein Platz, der so intensiv genutzt wird wie viele viele andere und dazu wollen wir natürlich damit auch beitragen."
Wärend d'Preparatiounsaarbechten an engem Mount ufänken, wäerten déi richteg Aarbechte wuel réischt am Fréijoer ulafen. A Betrib wëllt een den Ubau Ufank 2027 huelen. Wärend deem ganze Chantier wäert de Betrib an der Philharmonie iwwregens normal weidergoen. D'Käschte vum Projet belafe sech aktuell hors TVA op 15 Milliounen Euro.