Iwwer 4 Joerzéngte beschäftegt d'Stäreplaz déi respektiv Gemengeréit vun der Stad Lëtzebuerg.

E Méindeg gouf deen neiste Projet an der Stater Märei mat enger breeder Majoritéit ugeholl.
 
E PAP, deen elo an den Inneministère fir Accord geet. Da kënnen eventuell nach emol Bierger Asproch erhiewen, iert endlech ugefaang kéint ginn, der West-Entrée vun der Haaptstad en neit Gesiicht ze ginn.
 
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer bleift virsiichteg, mat Bléck op déi 5. Maquette zanter dem PAP Franck, 1995: ''Dann hoffe mer, datt se dës Kéier wierklech kann och realiséiert ginn. Well elo si jo nach eeben e puer Etappen. Elo geet et an den Interieur, dee muss nach soen, ob se dat och esou gesinn. An dann duerno wäerten déi Leit, déi scho reklaméiert haten, wäerten der och nach e puer reklaméieren, da muss ee kucken, wat do derbäi erauskënnt.''
 
4 Joer sinn et hier, datt Félix Giorgetti a BC Partners hire Projet presentéiert hunn. Ronn 100 Bierger hu sech deem opposéiert. Ze bombastesch, ze héich, net genuch gréng Flächen, sou d'Kritik.

Wat huet dann elo geännert?

 
''Verschidden Héichten, déi effektiv konsequent waren, 16 Etagen. A mir hunn deem dann och Rechnung gedroen. Dat héchst, déi meescht Stäck, déi elo virgesi sinn, sinn der zéng. Et ass och en neie Mix vu Funktiounen. Virdru war d'Hallschent residentiel, elo si mer bei zwee Drëttel... '' sou d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg. 
 
Virun allem op der Säit vum Belair mat Bléck op d'Jean-Pierre Brasseur Strooss gouf d'Opdeelung vun de Volumen iwwerschafft. D'Areler Strooss gëtt weider verluecht, ënnert d'Gebaier, awer net méi an en Tunnel. Genee 69.500 Meter-Carré Logement sinn elo virgesinn. Dat ass e Plus vun 33% par Rapport zum éischte Projet vu Felix Giorgetti.  D'Bürosfläche ginn op 28.500 Meter-Carré erof. E Minus vun 32%. D'Meter-Carré u Geschäfter ginn ëm 45% op elo nach 5.000 Meter-Carré reduzéiert. De Pôle d'Echange bleift op der Stäreplaz.
 
''Wou natierlech och den Tram derzou gehéiert, dee jo dann iwwer d'Areler Strooss erofkënnt a wou do, wou elo nach Strooss ass, do wäert eng ganz schéin, eng grouss Plaz kommen. Wou d'Leit sech kënnen erëmfannen, souwuel déi, déi vum Lampertsbierg kommen, wéi vu Belair oder dem Rollengergronn. Also dat gëtt schonn eng ganz nei Gestaltung vun där do Entrée vun der Stad, an dat géif der Stad gutt doen.'' sou d'Lydie Polfer.
 
De Bléck mat Optimismus an d'Zukunft geriicht kéinten d'Baggeren an 3 bis 4 Joer urappen.