Den iwwerschaffte Projet kënnt Enn September zeréck an de Stater Gemengerot
Den 30. September sinn et praktesch op den Dag 4 Joer hier, datt de Projet vum Félix Giorgetti a BC Partners an der Gemeng um Knuedler virgestallt gouf.
Wunnen, Schaffen an Akaafe solle verbonne ginn. E Projet, mat deem och den aktuelle Pôle d'Echange fir den ëffentlechen Transpor weider ausgebaut soll ginn. Ma no 4 Joer stécht ee weider am administrative Dschungel .
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert firwat: "Et si ganz vill Reklamatiounen erakomm an d'Gesetz gesäit vir, datt mer déi alleguerten héieren. Dat waren der iwwer honnert. Hu mer och gemaach a mir hunn och versicht deem Rechnung ze droen, sou wäit wéi et méiglech ass. An do si mer elo wierklech ganz no op deem Punkt, fir dat ofzeschléissen."
Firwat hunn d'Bierger géingt de geplangte Projet reklaméiert?
"Mir hunn eis virun allem opposéiert un der bombastescher Gréisst vum Projet, déi net akzeptabel ass. Dat war ee vun de Punkten, d'Héicht vun de Gebaier. An och nach eng Jett aner Punkten, iwwert d'gréng Flächen, den Tram, d'Zone piétonne a wéi dee ganze Quartier am Fong, deen neie Quartier, iwwerluecht ginn ass", sou de Jo Wagener.
Kéint elo de Bagger endlech un d'Rullen?
35 Joer nodeem eng alleréischt Maquette virgestallt gouf, kënnt de Bagger, op Grond vun de Recoursen iwwerschaffte Projet endlech an déi decisiv Phas. D'Stater Buergermeeschtesch weist e gewëssen Optimismus: "Et waren do Gebaier, déi op verschiddene Plaze bis op 15 Stäck héich gaange sinn. An dat ass an deenen allermeeschte Reklamatiounen ervirgestrach ginn. Mir hunn och dofir mat de Proprietären, mat hinne geschwat, a si hunn ons nei Projete virgeluecht, déi eben deem Rechnung droen, wou et konsequent manner ass."
Detailer wëll d'Stater Buergermeeschtesch nach kéng verroden. D'Metercarréë fir de Logement schéngen am neiste Projet weider erop ze goen, iwwerdeems d'Bürosfläche reduzéiert géifen.
Déi ronn 100 Bierger, déi Recours agereecht hunn, wäerten Enn vum Mount déi neist Pläng kritesch ënnert d'Lupp huelen. Leit déi bedaueren, datt si bis elo minimal, just esou wéi d'Gesätz et virgesäit, mat agebonne goufen. Leit déi kloer refuséieren, elo de schwaarze Péiter zougeschoustert ze kréien: Si wieren et, déi blockéiere géifen.
De Jo Wagener, dee mat geklot huet: "Dat doten ass déi alleréischt kollektiv Oppositioun, déi mer elo mol gemaach hunn an 30 Joer. All déi aner bombastesch Projeten, déi hunn d'Politiker selwer ofgeschoss. Dat heescht, dat doten ass déi éischt real Oppositioun, déi mir elo virun zwee Joer a siwe Méint gemaach hunn."
Wéi geet et elo weider?
Hëlt de Gemengerot den 30. September un, geet den Dossier weider un den Interieur, wou de Minister dann zwou Optiounen huet: "E seet: Jo, Okay! Dee Projet do, deen dréit deene Reklamatioune Rechnung. Wann en dat mécht, da kënnen eben déi Leit, wa se mengen, et géif net genuch Rechnung gedroe ginn, da kënne se viru Geriicht goen. Oder awer vläicht, eben och net. Mee wa se viru Geriicht ginn, jo, da si mer awer fir annerhalleft Joer ënnerwee. Dann duerno kann een nach an Appell goen. Also ech hoffen awer, datt mer am Maximum zwee bis dräi Joer wierklech um Punkt sinn, wou hei ka geschafft ginn", sou d'Analyse vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer zum Thema Stäreplaz.