33 ONGen aus verschiddene Secteuren hunn de Méindeg de Moien op der Place Clairefontaine virum Staatsministère manifestéiert.

Si wollten op d‘Wichtegkeet vun der kritescher Stëmm aus der Zivilgesellschaft opmierksam maachen. D‘Ofwécklung vun der Caritas an d‘Verschwanne vum "Plaidoyer politique" wieren nëmmen déi rezentst Evenementer, ma generell hätt een d‘Gefill, den Dialog mat der neier Regierung wier schwiereg.

"Et geet drëms, op d'Mëssstänn an eiser Gesellschaft hinzeweisen, wat zu deenen Ongerechtegkeete gefouert huet. Wa mir just als Organisatiounen duergestallt ginn, déi Zerwisser un der Populatioun maachen, dat geet eis einfach net duer. Mir probéieren, eng gesellschaftspolitesch Vue ze hunn."

D‘Demokratie wier nun emol kee Büro a keng Firma, ma et bräicht ee kontrovers Meenungen, erkläert d’Blanche Weber vum Mouvement écologique. Dass de Secteur net wäertgeschat géif, fënnt och de Jean-Louis Schlesser vun der Asti. Hie bezitt sech op d’Ausso vum Premier Minister Frieden vun e Mëttwoch, dass et historesch komesch gewiescht wier, dass de Staat déi Leit bezuelt huet, déi de kritesche "Plaidoyer politique" gemaach hunn.

D'Aude Ehlinger vun der Action Solidarité Tiers Monde gesäit dat änlech, et wier een immens iwwerrascht gewiescht iwwert déi Ausso vum Premier. Déi kritesch Stëmm wier fir si den Zement vun der Demokratie.
 
De Rendez-vous op der Place Clairefontaine war den éischte spontanen Zesummeschloss vun den ONGen, ma et géif ee sech viru koordinéieren.

RTL

© Anne Wolff