Dat huet de Premier Luc Frieden e Mëttwoch den Owend am RTL-Interview iwwert d'Affär Caritas gesot.

Den CSV-Politiker ënnersträicht awer anengems, datt een och net all Dag kommunizéiere kann, wann iwwert de Summer intensiv no enger Léisung gesicht gëtt.
 
Elo wier déi Solutioun do an et hätt een déi zwee Ziler erreecht, déi ee sech gesat hätt: d'Aktivitéite vun der Caritas kéinte virulafen an d'Leit, déi an deene Strukture schaffen, géifen hir Aarbecht behalen.

De Luc Frieden streit och net of, datt et méi einfach gewiescht wier, wann d'Kierch Suen op den Dësch geluecht hätt, fir eng nei Struktur ze grënnen.
 
"Mä ech muss zu Kenntnis huelen, datt se dat net gemaach huet. Ob et just ëm Sue geet, musst Dir de Kardinol froen, mä et wier méi einfach gewiescht, wann de Fondateur vun där aktueller Caritas och déi nei gegrënnt hätt."

De Luc Frieden huet och ënnerstrach, datt et net méiglech gewiescht wier, datt d'Regierung der aktueller Caritas Sue ginn hätt. Soss hätt d'Regierung nämlech Sue fir Prête missten zeréckbezuelen, déi ni hätten dierfte gemaach ginn. Op d'Responsabilitéit vun de Banke wollt de fréiere Finanzminister net agoen.

"Ech well dat net jugéieren, wann ech d'Faiten net kennen, mä ech well awer soen, datt et mech selbstverständlech, esou wéi déi meescht Lëtzebuerger, erstaunt, datt dat do konnt geschéien. Datt esou vill Virementen iwwert esou eng laang Zäit gemaach gi sinn, ouni datt do Alarmklacken ugaange sinn, wërft schonn eng Rei Froen op. Et gehéiert zu enger uerdentlecher Opaarbechtung, datt elo déi dofir zoustänneg sinn - d'EZB an d'CSSF- dat kucken, an dat da mat deene betraffene Banke klären. Dat ass net d'Aufgab vun der Chamber a vum Staat."
 
Mat enger parlamentarescher Spezialkommissioun, esou wéi d'LSAP se scho virun e puer Woche gefuerdert huet, huet de Luc Frieden iwweregens kee Problem, wéi hie seet. Hie wier awer der Meenung, datt all d'Froe beäntwert wieren. Déi déi elo nach op wieren, op déi misst d'Justiz Äntwerte sichen.

"Gewalt kann net ëmmer eng Äntwert op Gewalt sinn"

Dat huet de Regierungschef Luc Frieden um Mëttwoch den Owend am Journal op der Tëlee ënnerstrach, wéi en op d'Eskalatioun am Noen Oste reagéiert huet. Hien appelléiert un all d'Säiten, sech e bëssen zeréck ze halen, net nëmmen well dat verstänneg wier, mä well soss ëmmer méi Terror, Haass a Gewalt géif entstoen. Och e Message un d'USA a Groussbritannien, déi sech direkt no den Attacke vum Iran hannert Israel gestallt hunn.

"Wann e Land attackéiert gëtt, eng Demokratie wéi Israel, ass et normal, datt een dee condamnéiert, deen attackéiert. Dat heescht awer net, datt een am selwechten Otemzuch all aner Gewalt, egal vu wiem se ausgeet, ka justifizéieren. Besonnesch wa se zu ëmmer méi Haass féiert. Dofir mengen ech, ass et wichteg am Gaza, mä och an deenen anere Länner ronderëm Israel elo e bëssen de Fouss vum Gas ze huelen, well soss kréie mer nach jorelaang do keng Rou."
 
D'Situatioun, esou de Lëtzebuerger Premier, wier elo schonn dramatesch. Natierlech fir d'Leit, déi do wunnen, mä och fir déi ganz Regioun an domadder fir de Rescht vun der Welt.
 
D'Europäer, déi nach keng gemeinsam Positioun hunn, géife weider dorunner schaffen.