Kee Wëlle fir Fridden am No-Ost-Konflikt
Jonk Sozialiste reprochéiere Xavier Bettel "inhaltslose Blabla"
© AFP
D'jonk Sozialisten hei zu Lëtzebuerg soe sech "schockéiert" no den Aussoe vum Ausseminister Xavier Bettel e Méindeg de Moien op RTL an um 100,7.
Deen hat d’international Communautéit als "décken Hond", dee billt, mee "net bäisse kann" bezeechent.
D’Jonk Sozialiste schwätze vun "inhaltslosem Blabla" an "eidele Friddensfuerdungen". Fir si géing dat weisen, ewéi wéineg politesche Wëllen do wier, fir de Konflikt op en Enn ze bréngen.
D’JSL fuerdert e Stopp vu Liwwerunge vun "offensive" Waffen un Israel, esou wéi Frankräich an d’Ae faasst. Donieft soll Lëtzebuerg ënnert anerem de Staat "Palästina" unerkennen.
Am meeschte gelies