"Mir hu keng Moyenen, fir eng Eskalatioun ze verhënneren"
E Méindeg de Moie war de Konflikt am Noen Osten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et si keng nei Tensiounen am Noen Osten, mee déi ganz Situatioun huet sech iwwer ee Joer am Schnéiball-Effekt ëmmer weider verschlëmmert. D'Lag um Terrain ass ganz ganz geféierlech, komplett verfuer a komplizéiert. Et dierft een awer de Facteur déclencheur net vergiessen, nämlech déi grujeleg Attacke vun der Hamas viru genee engem Joer. Dat seet den Ausseminister Xavier Bettel. Hien war de Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Angscht an Haass
Israeelien hunn Angscht virun Attacke vun de Noperen. An d'Zivilpopulatioun bei den Noperen huet Angscht virun den israeelesche Reaktiounen. Dat suergt ëmmer nees fir Haass. An Haass wier de Fonds de Commerce vu Gruppéierunge wéi Hamas an Hisbollah. Well wa Fridde wier, hätte si keng "Daseinsberechtegung" méi.
"Den Iran ass sou komesch", seet de Xavier Bettel. D’Land wier zwar wäit ewech, mee Teheran wëll matwierken a wier och eng grouss Gefor fir Israel. Fridde wier grad dofir sou schwéier, well op all Attack natierlech ëmmer nees eng Revanche-Äntwert kënnt. E Waffestëllstand wier dat eenzegt, wat hëlleft, mat herno enger Zwee-Staate-Léisung. Et bräicht een eng global Approche: a Palästina misst den demokratesche Prozess relancéiert ginn, zum Beispill mat Walen.
Firwat konnt d’Situatioun an engem Joer esou eskaléieren?
"Well mir keng Moyenen hunn", äntwert de Xavier Bettel. Déi international Communautéit hätt keng Méiglechkeet ze intervenéieren. Et wier en décken Hond, dee billt, deen awer net kéint bäissen.
Et kéint een international Truppen op de Buedem schécken, mee wann ee géing gesinn, wéi vill Leit vun der UNWRA, dem Hëllefswierk vun de Vereenten Natioune fir palästinensesch Flüchtlingen am Noen Osten, scho gestuerwe wieren, da wéisst een, dass dat och net déi perfekt Léisung wier.
Dem franséische President Macron seng Propos, fir keng Waffe méi ze liwweren, déi duerno an der Gazasträif agesat ginn, wier och net wierklech eng Léisung, well wann Israel da geschloe gëtt, well hir Feinden awer Waffe geliwwert kréien, wier jo kengem gehollef, esou den Ausseminister.
Unerkennung vu Palästina als Staat
Déi rezent Unerkennung vum Palästinenserstaat vu verschiddenen EU-Länner (Slowenien, Irland, Norwegen) wier symbolesch vläicht flott, mee hätt um Terrain och näischt bruecht. Et géingen ëmmer nach Leit stierwen, fënnt den Ausseminister Bettel. Hie wier awer der Meenung, dass eng Unerkennung an engem ganze Prozess misst stattfannen, awer just gekoppelt u Friddensnegociatiounen. Et misst eng koordinéiert Approche sinn, zesumme mat Palästina a gebonnen u verschidde Konditiounen. Zum Beispill hätt et a Palästina zanter 18 Joer keng Wale méi ginn. Et kéint duerno awer och net sinn, dass et eng Defaite vun Israel ass, wa Palästina géing unerkannt ginn.
Géint Antisemitismus virgoen
Et wier wichteg, den Ënnerscheed ze maachen tëscht Relioun a Politik. Et wier net esou, dass ee just, well ee Moslem ass, alles géing gutt fannen, wat d’Hamas oder d’Hisbollah maachen oder dass een als Judd alles géing gutt fannen, wat den Netanjahu mécht. Et dierft een de Problem vum Antisemitismus net an Europa importéieren.
Et wier dofir wichteg, an der Schoul driwwer ze schwätzen. Déi sozial Medien an och eng fräi Press hätten och eng wichteg Roll ze spillen an der Educatioun vu Jonken an Erwuessenen, fënnt de Xavier Bettel.
Caritas: De Staat ass keng Kasko-Versécherung
D’lescht Woch hat de President vum Verwaltungsrot vun HUT de Reproche gemaach, dass keen de Fanger erausgestreckt hätt, fir den internationalen Departement vun der Caritas ze retten. Net den Ausseministère an net de Bistum.
De Fanger erausstrecken, hätt geheescht, 5 Milliounen Euro op den Dësch ze leeën. An dat sinn net meng Suen. Et si Steiergelder, gëtt de Xavier Bettel ze bedenken. D'Regierung wier keng Kasko-Versécherung.
Et wier een awer beméit, Léisungen ze fannen, fir op d'mannst 3 ONGen, déi géinge riskéieren, net z’iwwerliewen, wa se keng Sue vun der Caritas géinge kréien. Dat sinn 200.000 Euro, mat deenen de Staat elo géing hëllefen. Och fir de Caritas-Projet am Südsudan géing ee mat der Caritas Holland kucken, fir dee weiderzeféieren, mee op de Budget vum nächste Joer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.