De Finanzminister Gilles Roth huet e Mëttwoch de Moien de Budget fir d'Joer 2025 presentéiert.

Defizit a Staatsschold

Den Defizit vu Staat, Sécu a Gemenge soll 2025 op 563 Milliounen Euro falen. Dat am Verglach mat engem Defizit vun 987 Milliounen Euro, deen am Budget fir dëst Joer virgesinn ass.Den Defizit beim Zentralstaat soll d'nächst Joer bei 1,29 Milliarden Euro leien. Dat wieren iwwer 600 Millioune manner, wéi am Budget fir dëst Joer virgesinn. Dat sinn d’Eckdate vum Budget, deen de Finanzminister Gilles Roth e Mëttwoch de Moie virgestallt huet.

Wat steet am Budget 2025? D'Michèle Sinner war live op der Plaz

"Dëse Budget ass och Ausdrock vun enger responsabeler, vun enger nohalteger Finanzpolitik. Duerfir keen negative Schéier-Effekt méi ewéi an de leschte Joren. Nee, ee positive Schéier-Effekt. Vläicht schonn dëst Joer. Sécher am Joer 2025. Dat heescht: Einnamen, déi méi schnell wuessen ewéi d’Ausgaben. Den Defizit am Zentralstaat geet weider erof."

D’Staatsschold soll sech bei 27,5 Prozent am Verglach vum PIB stabiliséieren.

Akzisen

D'Akzisen op den Zigarette ginn d’nächst Joer ëm 5,5 Prozent an d’Luucht. Dat wäert zousätzlech Recettë schafen, esou de Finanzminister Gilles Roth. Fir 2025 soll et e positive Schéier-Effekt tëscht de Recetten an den Depensë vum Staat ginn. D’Depensë sollen ëm 4,5 Prozent wuessen, d’Recetten ëm 5,2 Prozent. Allerdéngs wuessen och schonns dëst Joer d’Recetten däitlech méi séier ewéi d’Depensen.

Sozial Mesuren

Den onqualifizéierte Mindestloun gëtt vum 1. Januar u steierfräi. Dat ass eng vun de soziale Mesuren, déi de Finanzminister Gilles Roth a sengem Budget fir d’nächst Joer annoncéiert huet:

"Een historeschen, soziale Fortschrëtt fir eist Land. Ee Schrëtt, deen dacks gefuerdert gouf. Dës Regierung huet et gemaach."

D’Allocation de vie chère fir Stéit mat schwaachem Akommes geet nächst Joer ëm ronn 10% an d’Luucht. Fir se ze kréien, muss een da just nach zanter op d'mannst 3 Méint zu Lëtzebuerg wunnen, net méi 12.

Dat selwecht gëllt fir d’Energieprimm. Si gëtt vum 1.Januar u verdräifacht. Méi Stéit wäerten eligibel ginn, well d’Akommesgrenz liicht ugehuewe gëtt. De Montant vun der Primm ass bei dëse Stéit awer degressiv.

Leit, déi de Revis ze gutt hunn, kréien an Zukunft automatesch d’Allocation de vie chère an d’Energieprimm. Well Elengerzéier dem Aarmutsrisiko am meeschten ausgesat sinn, wäerte si am meeschten entlaascht ginn, duerch d’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun. Duerch eng Upassung vun der Berechnungsformel an enger Erhéijung vun hirem Steierkredit.

Op den 1. Januar gëtt d’Steiertabell jo un zousätzlech 2,5 Indextranchen ugepasst. Bedeit also eng steierlech Entlaaschtung fir all Revenu.

Den Energiepräisdeckel - virun 2 Joer agefouert als Reaktioun op d’Präishaussen duerch de russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain - gëtt nächste Januar ofgeschaaft. Déi erwaarte Stroumpräis-Hausse vu 60%, awer op 30% gedeckelt.

Logement

Réckwierkend op den 1. Oktober a bis Enn Juni d’nächst Joer ginn d’Enregistrementskäschten op dem Kaf vu Wunnengen ëm d’Hallschent erofgesat. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth nach a senger Budgetsried annoncéiert. Mat dëser Mesure versicht d’Regierung ënnert anerem de Bau vun neie Wunnengen unzekuerbelen, déi op Plang verkaf ginn, also déi sougenannte Vefaen. Dës nei Reegel gëllt fir all Acquisitiounen, Neibau oder schonn existéierend, esou de Gilles Roth. Deemno och fir Leit, déi sech hiert Doheem kafen, wéi fir Investisseuren, déi d’Vefae verloune wëllen.