Decouverte zu Mamer stellt Archeologe viru Rätsel
© INRA
Këschte voll Kiischtekären, déi bei Ausgruewungen zu Mamer fonnt goufen, stellen d'Archeologe virun e Rätsel.
Et ass awer bei wäitem net déi eenzeg Decouverte, déi an de leschte Joren zu Mamer gemaach gouf. Dir erënnert Iech villäicht un de Skelett vum Dromedar-Héngscht, deen an Ägypten gebuer gouf an deem seng Schanke viru 7 Joer och zu Mamer am Vicus, also am réimeschen Duerf, fonnt goufen.
Mir waren eis d'Plaz vun den Ausgruewungen ukucken. Dat awer net eleng, mä mat der Lynn Stoffel. Si ass Cheffin vum Service d’archéologie gallo romaine am INRA. Dem nationalen Institut fir archeologesch Recherchen. Éischtens ass et streng verbueden, einfach esou op dee Site ze goen - dofir ass en och ofgespaart - an zweetens ass et scho ganz gutt, wann een eng Archeologin bei sech huet, déi engem am Detail erkläre kann wou wat ass.
Mir waren op engem Terrain, direkt bei der Haaptstrooss, dee laang als Päerdswiss genotzt gouf.
"Mir befannen eis am Vicus, also dem fréiere réimeschen Duerf, mir sinn awer op där anerer Säit vun der Mamer. Dat heescht, mir hunn de réimeschen Iwwergang tëschent deenen zwee Vicus-Deeler fonnt. Mir hunn eng Uferbefestegung fonnt, eng ganz Rëtsch Haiser, fënnef am Ganzen, déi unenee leien. Mir nennen dat Sträifenhaiser, dat heescht, déi leien un enger Strooss, déi mer och scho fonnt hunn. Da verschidden Handwierksbetriber, déi an deenen Haiser waren. D'Haiser goufen awer och ëmmer modifizéiert. Mir hu bis zu siwe Phase fonnt."
Net wäit ewech vun deenen Haiser, déi och scho lues awer sécher vun der viller Nätzt op deem Terrain futti ginn, war eng Zort Motel, wou ee konnt ënnerkommen, wann ee virun ongeféier 2.000 Joer op senger Rees eng Paus gemaach huet.
Da gouf awer och eng Decouverte gemaach, déi fir d'Wëssenschaft besonnesch wichteg ass, nämlech eng Zort Pëtzen, déi matenee verbonne sinn: "Ganz korrekt ass d'Wuert Pëtz net, well een dat normalerweis hëlt, fir frëscht Waasser ze kréien. Hei war et fir eng handwierklech Aktivitéit, wou mer och an der Groussregioun fir d'réimesch Zäit nach keng Vergläicher fonnt hunn. Dat ass wierklech aussergewéinlech."
Doduerch, datt et op der Plaz esou naass ass, ass um Site och aussergewéinlech vill Organik erhale bliwwen, erkläert d'Lynn Stoffel: "Mir hunn iwwer 700 Schongfragmenter aus der réimescher Zäit, mir hu Planzereschter, déi eis weisen, wat d'Réimer giess hunn, wat se verschafft hunn, mä mir hunn awer och Holzreschter, zum Beispill vu Ween. Dat erhält sech soss eben net, well et einfach am Buedem zergeet."
D'Rätsel vun de Kiischtekären
Datt Kiischtekären eng 2.000 Joer am Buedem erhale bleiwen, dat hätt een och net onbedéngt geduecht, mä et ass awer esou. Net just zwee oder dräi Kären, mä ganz Këschte voll. Si waren am naasse Buedem an engem Pëtz, bis datt d'Archeologen se fonnt hunn. Botaniker hu confirméiert, datt et d'Käre vu Kiischte sinn, mä d'Fro ass, wat hunn d'Réimer domadder gemaach?
"De Problem ass, mir wëssen nach net ganz genee firwat si se benotzt hunn. Ech kann de Kiischtekuch um Sonndegmëtteg ausschléissen. Dat ass ze vill dofir. Mir huelen un, datt se d'Kiischten entweder am grousse Stil verschafft hunn an da sinn d'Produite weiderverkaaft ginn oder d'Kären u sech sinn nach fir eppes anescht benotzt ginn, wat sech den Ament awer nach der Wëssenschaft entzitt.", sou d'Lynn Stoffel
Sécher ass awer elo schonn, déi archeologesch Decouverten zu Mamer ginn net erhalen. Iergendwann kënnt e grousse Bauprojet dohinner, deen och scho geplangt an zum Deel verkaaft ass. Wéini de Promoteur kann ufänken ze bauen ass awer schwéier ze soen.








































D'Archeologe schaffe sou séier se kënnen, ëmmer wann d'Wieder an den Zoustand vum Terrain et erlaben. Si sinn zäitlech awer och net gebonnen. D'Fouillen hunn nämlech ugefaangen ier dat neit Patrimoinesgesetz do war. Dodran ass eng zäitlech Limitt vu 6 Méint fir Ausgruewunge virun engem Bauprojet virgesinn, ma zu Mamer ass een am Zenario vum Gesetz vun 1983 an do ass keng zäitlech Limitt gesat.