Ob positiv oder negativ bleift ofzewaarden, mä d’Gewerkschaften hunn natierlech eng ganz Rei Froen. Si wëllen zum Beispill wëssen, ob et zu engem Ofbau vun Aarbechtsplaze kënnt, ob d’Aarbecht sech verännert, ob d’Ufuerderungen un d’Salariéën sech veränneren, ob et Leit gëtt, déi do net méi kënne mathalen an ob ee muss iwwert hir Formatioun schwätzen. Iwwer all dës Froen hunn OGBL an LCGB am Staatsministère mat Vertrieder vun der Regierung diskutéiert. De Premier Luc Frieden hat invitéiert, fir iwwer rezent Bréiwer vun der Gewerkschaftsfront ze schwätzen an déi Kënschtlech Intelligenz war de Sujet, deen am Mëttelpunkt stoung.
D’Gewerkschafte waren Demandeur fir e KI-Dësch, wou Regierung, Patronat a Gewerkschaften zesummesëtzen. Dat mécht an hiren Ae Sënn, well mir sti viru groussen Erausfuerderungen, et gi gemeinsam Intressen a mir mussen eis prett maachen, betount d’OGBL President Nora Back.
“Dat do riskéiert, fir Lëtzebuerg méi grouss ze ginn, wéi d’Stolkris. Eleng vum Impakt op d’Aarbechtsplazen. Do ass et elo un eis Sozialpartner mat der Regierung, fir Verantwortung z’iwwerhuelen, dofir ze suergen, datt dat opgefaange gëtt an dat esou gutt wéi méiglech z’encadréieren.”
D’Entwécklung vum Aarbechtsmaart encadréieren, dat ass och eng vun de Prioritéite fir den LCGB-President Patrick Dury.
“Esou wéi mer dat an der Vergaangenheet och ob anere Plaze gemaach hunn, wéi mer hei am Land restrukturéiert hunn, musse mer Äntwerte fannen, déi d’Leit à l’aise setzen, déi de Leit erlaben iwwer Formatioune kënne matzekommen an am schlëmmste Fall kucken, wat maache fir d’Leit opzefänken, dass mer net virum existenziellen Abseits stinn.”
D’Gewerkschaftsfront hat d’Regierung relativ séier dovunner iwwerzeegt, datt e KI-Dësch néideg wier an de Premier Luc Frieden huet no der Reunioun annoncéiert, esou séier wéi méiglech sech mam Patronat an de Gewerkschafte wëllen zesummen ze setzen.
D’KI wier eng Transformatioun, déi ee positiv wéilt ugoen, d’Suerge vun de Leit, déi dovunner betraff sinn, géif een awer eescht huelen a begleeden. Ee wichtege Volet ass fir de Regierungschef d’Formatioun.
“Et muss een d’Leit ëmmer erëm adaptéieren un déi nei Technologien. Dat war och esou wéi Maschinnen an der industrieller Revolutioun entstane sinn. Déi hunn dozou gefouert, datt d’Leit op der Schmelz op eemol aner Formatioune kritt hunn. Ech mengen, dat ass ee wichtegen Deel, mä et geet och drëm. sech iwwerhaapt mat der kënschtlecher Intelligenz auserneenzesetzen.”
Och wann an der Entrevue tëschent der Regierung an der Gewerkschaftsfront haaptsächlech iwwer KI geschwat gouf, war et net deen eenzege Sujet. Et goung och ëm aarbechtsrechtlech Dossieren, wéi zum Beispill en Encadrement vun der Plattformaarbecht, wou et de Gewerkschaften hiert Zil ass, datt d’Leit e gereegelt Aarbechtsverhältnis kréien an et goung ëm d’Gesondheet. Et huet wéi Musek an den Ouere vun de Syndikater geklongen, datt d’Regierung verséchert huet, datt se net wëlles hätt, un de staarken ëffentleche Gesondheetssystem ze goen.