
Eng Justiz, déi engagéiert a motivéiert ass, awer mat strukturelle Problemer kämpft a méi séier an transparent wëll ginn. Dat Bild huet de Procureur général d’Etat de John Petry an der Emissioun Background am Gespréich vun der Justiz gezeechent. D’grouss Defie wieren d’Jugendgewalt, Finanzkriminalitéit an den Drogenhandel am Grand-Duché.
Besonnesch alarméiert weist sech de Procureur général iwwer d’Entwécklung bei der Jugendkriminalitéit. No engem rezente Gewaltdelikt vun enger 14 Joer aler Schülerin schwätzt hie vun engem strukturelle Problem. Virun allem an der Jugendpsychiatrie feelen adequat, geséchert Unitéiten. Och zoue Strukture fir net-zourechnungsfäeg Jugendlecher si rar.
De gesetzleche Kader baséiert nach ëmmer op engem Gesetz vun 1992. De John Petry plädéiert dofir, dëse Kader ze moderniséieren, eventuell mat engem eegene Jugendstrofrecht an enger méi kloer gereegelter Strofbarkeet. Dobäi misst awer ëmmer en Equiliber tëscht dem Schutz vum Kand an dem Schutz vun der Gesellschaft garantéiert bleiwen.
Am Kontext vun engem Mordfall um Lampertsbierg hat de Parquet relativ séier informéiert. Fir de John Petry ass kloer: d’Justiz muss méi transparent kommunizéieren, fir Spekulatiounen a Falschinformatiounen entgéintzewierken. Hien ass oppe fir méi proaktiv Informatiounspolitik, eventuell och a Form vu Pressekonferenzen – ëmmer am Respekt vum Ënnersichungsgeheimnis an der Presomption d’innocence.
Eng weider grouss Suerg bleift d’Dauer vu komplexe Prozesser. Am Kontext vum zweete Volet vum Bommeleeër-Prozess ass däitlech ginn, wéi zäitintensiv a schwéierfälleg Prozedure kënne sinn. Voluminéis Dossieren, komplex juristesch Schrëtt a méiglech Verzögerungstaktiken droen dozou bäi.
De John Petry setzt sech fir eng Vereinfachung vun der Instruktiounsprozedur an eng Reduktioun vun onnéidege Prozedur-Etappen an. Zil ass eng méi effizient Justiz, ouni d’Rechter vun der Verdeedegung a Fro ze stellen.
Als wichteg Finanzplaz ass Lëtzebuerg och staark mat komplexer Wirtschaftskriminalitéit konfrontéiert. D’Zuel vun net traitéierte Dossiere konnt zwar däitlech reduzéiert ginn, mee d’Duerchschnëttsdauer vun esou Enquêtë bleift mat 3 Joer an 9 Méint héich.
International Rechtshëllef – ënner anerem mat Länner wéi der Schwäiz oder den Vereenegten Arabeschen Emirater – mécht d’Enquêten dacks laangwiereg. Dobäi kënnt de Besoin u spezialiséiertem Personal an effiziente Prozeduren. Trotzdeem weist sech de Procureur général virsiichteg optimistesch, datt d’Situatioun sech weider verbessere léisst.
Staark geklommen ass an de leschte Joren och de Phishing. Honnerte Betraffener a Milliouneschied weisen d’Dimensiounen. Besonnesch problematesch si sougenannte “Money Mules“ – dacks jonk Leit, déi hir Bankkonten zur Verfügung stellen a sech domat wéinst Geldwäsch strofbar maachen.
Och am Drogenhandel ënnerscheet de Parquet tëscht klengem Stroossenhandel an organiséiertem, international vernetzte Kriminalitéit. De John Petry schwätzt sech fir méi séier strofrechtlech Reaktiounen aus, allerdéngs ouni e Modell ze iwwerhuelen, deen d’Rechter vun der Verdeedegung ze staark aschränkt.
Nieft de juristesche Reformen ass och d’Moderniséierung vun der Infrastruktur e wichtegt Thema. D’Digitaliséierung vun der Justiz leeft, mee bleift eng grouss Erausfuerderung. Gläichzäiteg ass d’Cité judiciaire ze kleng, Servicer si verdeelt. Eng nei Justiz-Cité kéint op laang Siicht néideg ginn – e Projet, deen iwwer Joerzéngte geplangt misst ginn.
E Samschdeg war de Procureur Général d’État eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.