D'Police an d'Banke si sech eens: Et muss een d'Populatioun géint d'Arnaquë schützen. Dofir gi verschidde Mechanismen ausgebaut an anerer sinn en place.

All Arnaque, egal wéi gutt oder schlecht an iwwer wéi ee Kanal se duerchgefouert gëtt, huet just een Zil: Dem Affer esou séier wéi méiglech esou vill Sue wéi méiglech aus der Täsch ze zéien. An der Zäit huet een d'Arnaquen nach vill méi einfach a séier konnten identifizéieren, ma mat Hëllef vun den neisten Technologien, wéi KI oder Iwwersetzungsprogrammer, gi se och hei am Land ëmmer méi raffinéiert a méi schwéier ze duerchkucken.

E klengen Ament, wou een net oppasst, geet duer

Mir hu mat den Experte vun der Lëtzebuerger Bankenassociatioun ABBL a vun der Police iwwert dës Gefor, déi een am Netz, per Handy oder esouguer per Bréif ka begéinen, geschwat. An d'Experte vu béide Säite ware sech eens: D'Arnaquë ginn ëmmer besser a mir wäerten nach ganz vill Jore mat dësem Problem ze kämpfen hunn.

Egal op Jonk oder Al, jidderee kann Affer ginn, seet den Tim Pauly vun der Police. "D'Arnaquë sinn antëscht esou gutt gemaach, datt ee klengen Ament, wou een net konzentréiert ass, duergeet, fir datt een drop erafält." D'Sprooch an dësen Arnaque an och d'Opmaachung gëtt ëmmer besser. Déi Onéierlech gi sech als Familljememberen, LuxTrust, d'Banken, d'Police oder Europol aus. An d'Masch ass ëmmer änlech: Et gëtt no Sue gefrot, déi séier mussen iwwerwise ginn.

An och do ass den Tim Pauly kloer: "Keng Administratioun, Bank oder Spidol fuerdert Iech op, fir elo direkt Suen mussen ze iwwerweisen." D'Ananda Kautz vun der ABBL gëtt do och éischt Tipps: "Dir gitt weder vun Ärer Bank nach den Administratiounen opgefuerdert, fir Är privat Daten hinne via Telefon oder Mail ze schécken".

49 10 10: Eng Telefonsnummer, déi ëmmer fir Iech do ass

Béid confirméieren, datt leider vill Leit, wa se bis Affer gi sinn, waarden, bis se hir Bank kontaktéieren. "Dacks ginn dës Frauden owes oder um Weekend duerchgefouert", seet de Paul Wilwertz vun der ABBL. "An d'Leit waarden da bis den Dag dono oder bis nom Weekend, bis si et hirer Bank mellen". Ma op der Telefonsnummer49 10 10 vum Worldline Financial Service kann ee 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 gehollef kréien. Ufanks konnt een hei "just" seng Kaarte späre loossen, ma d'Zesummenaarbecht tëscht de Banken an den Autoritéite gouf ausgebaut, esou datt een op dëser Nummer och Hëllef kritt, wann een via LuxTrust oder aner Weeër op eng finanziell Fraude eragefall ass. "Och déi Verbindunge kënnen, wann ee fréi genuch un ass, gespaart ginn", heescht et vun der ABBL. Och den Expert vun der Police confirméiert, datt et wichteg ass, fir esou séier wéi méiglech ze reagéieren.

Et ass ee sech op alle Levelen der Gefor vun den Arnaquë bewosst an dowéinst gëtt och op nationalen, europäeschem an internationalen Niveau dru geschafft, fir d'Kommunikatioun ënnerteneen ze verbesseren an d'Konsumente besser virun dësen Trickdéiwen ze schützen.

"An den nächste Jore wäert do nach vill kommen", seet d'Ananda Kautz. Op europäeschem Niveau schafft een un Texter, Legislatiounen a Gesetzer, déi de Kampf géint d'Arnaquë solle méi einfach maachen an et den Onéierleche méi schwéier. Och huet d'Europäesch Agence fir Cybersécherheet den "Cybersecurity Awareness Month" an d'Liewe geruff, fir d'Leit nach méi op dës Arnaquen opmierksam ze maachen. Änlech gesäit et um Niveau vun Interpol an Europol aus. Och hei gëtt u Konventiounen a Kooperatioune geschafft, fir méi einfach un Täter ze kommen, déi ganz dacks am net-europäeschen Ausland sëtzen, heescht et vun der Police.

Bei Doute, Banken oder Autoritéite kontaktéieren

RTL

© shutterstock Burdun Iliya

U sech ass d'Masch vun den Täter hei ëmmer déi selwecht. Drock op d'Affer ausüben, entweder mat Menacen, wéi eng Strof, déi séier bezuelt muss ginn, oder fir op d'Tréinendrüs ze drécken, wann zum Beispill e Spidol Sue freet, fir e Familljemember ze operéieren.

Wann een de klengsten Doute huet, datt hei eppes net géif stëmmen, soll een einfach déi Bank oder Autoritéit en Question kontaktéieren. Als Beispill: Wann d'Persoun um Telefon sech als Banker ausgëtt, an eng séier Iwwerweisung wéinst Scholde freet, einfach emol bei der eegener Agence uruffen an nofroen, ob dat de Fall ass. "E gudden Indice, datt et sech ëm eng Fraude handelt, ass wann Drock op een ausgeüübt gëtt, fir eppes séier ze maachen", heescht et vum Tim Pauly vun der Police. Weder d'Police, nach d'Autoritéiten oder d'Banke wéilten d'Sue vun engem direkt hunn. Och soll een ni seng Passwierder oder Coden iwwer Telefon oder Mail weiderginn, och wann déi Persoun oder der anerer Säit sech als Banker ausgëtt.

LuxTrust mobile App suergt fir méi Sécherheet

De LuxTrust-Token wäert vum 31. Dezember 2024 un net méi funktionéieren. Ronn 85 Prozent vun de Leit hunn de Switch op d'LuxTrust App scho gemaach, mä nach net jiddereen. Dëse System suergt der ABBL no nach fir méi Sécherheet, dorënner datt een nach e Passwuert méi brauch, fir drun ze kommen. Awer et ginn och aner Avantagen. "Et brauch een e bësse méi Zäit, wéi beim Token", seet d'Ananda Kautz. "An där Zäit kann ee sech nach eng Kéier iwwerleeën, ob een dës Transaktioun wierklech wëll maachen oder ob et eventuell eng Arnaque ass." Weider kann een an der App gesinn, ëm wat et sech handelt. Et gesäit een direkt de Montant, deen iwwerwise gëtt, an och den Adressat. Beim Token ass dat net de Fall. Do gëtt ee just de Code an a gutt ass et.

RTL

Bei der ABBL ass ee sech awer och bewosst, datt net jiddereen e Smartphone huet. "Fir déi Leit ginn et aner Geräter, déi si notze kënnen" verséchert de Paul Wilwertz. Dorënner fält de LuxTrust Scan.

Police: All Dag mat esou Tëschefäll konfrontéiert

Mir all kréie se: Uriff, SMSen, Mailen, Bréiwer. Kee Wee gëtt net ausprobéiert an d'Masche ginn duerch KI a Co ëmmer besser. Wéi et vun der Police heescht, si si all Dag direkt e puer Mol domadder confrontéiert. Sollt een eng Kéier drop eragefall sinn, brauch ee sech net ze schummen. Et soll ee sech bei der Bank an der Police mellen, fir en eventuelle Schued a Grenzen ze halen.

D'Police an och d'Banke setzen aktuell awer och vill op Sensibilisatioun, andeem ee probéiert, fir d'Leit drop opmierksam ze maachen. "Mir schaffe mat de Medien zesummen an et fënnt een och déi aktuellste Virgoensweisen um Site vun der Police." Den Tim Pauly mécht och drop opmierksam, datt d'Leit, wa si eng Fraude entdeckt hunn, sech op där Plaz sollen informéieren, ob se och scho bekannt wier. Sollt dat net de Fall sinn, soll een déi un d'Police weiderginn. Dat awer am Beschten net iwwert den 113, well dofir ass den Urgencentelefon net do, mä éischter iwwert d'Mailadress contact@police.etat.lu oder bei de Kommissariater.

Op Arnaque eragefall? Sech net schummen, mä direkt aktiv ginn!

Als Éischt soll een den Tëschefall esou séier wéi méiglech der Bank oder Worldline um 49 10 10 mellen, fir eventuell den Transfert nach ze blockéieren. Dono op d'Kommissariat goen, net den 113 uruffen, a bei der Police eng Plainte maachen. Do soll een am Beschten all d'Preuven (Extrait vum Kont, Oplëschtung vun der Kreditkaart, de Phishing Message selwer) matbréngen, fir datt d'Beamten d'Plainte esou detailléiert wéi méiglech kënnen ophuelen.

Dono kann een, wéi och am Fall, wou een net drop eragefall ass, alles Läschen an d'Nummeren oder d'Mailadresse blockéieren. Sollt et sech ëm Telefonsnummeren aus Lëtzebuerg handelen, kann een dës och gären un d'Providere Post, Tango, Orange a Co weiderginn.