Net manner ewéi 280 verschidden Zorte Medikamenter si schwéier oder nëmmen onreegelméisseg an Lëtzebuerger Apdikten ze kréien.

Dat seet d'CSV-Gesondheetsministesch, déi drop hiweist, datt dëse Medikamenter-Manktem ewell zanter engen zéng Joer a ganz Europa unhält.

Well d'Produzenten awer gehale sinn, all Enkpass vun engem Produit zwee Méint am Viraus offiziell ze mellen, kënne bis ewell richteg Penurien, déi en direkten Impakt op Patienten hätten, gréisstméiglech evitéiert ginn, seet d'Martine Deprez. D'Ministesch verstoppt awer net, datt och ëmmer méi essentiel Medikamenter net an d'Apdikte geliwwert ginn.

Zanter engem Joer gëtt et och eng offiziell EU-Lëscht vun engen 200 "kritesche Medikamenter", déi bei schroe Krankheeten agesat ginn. Wéi et heescht, hätten d'Lëtzebuerger Spideeler bis ewell nach kee Sécherheetsstock mat dëse Substanze kéinte schafen. Dat soll sech awer duerch d'Schafe vun der nationaler Akafs- a Logistik-Zentral besseren, zemools och fir bei enger plëtzlecher Rupture vun engem Medikament oder an enger sanitärer Kris op eng Demande preparéiert ze sinn.

D'parlamentaresch Fro iwwert dëse Sujet vun de Medikamenter haten d'DP-Deputéiert Hartmann a Bauler un d'Martine Deprez gestallt.