Georges Mischo wëll Gewerkschafte Monopol net ewechhuelen

© Domingos Oliveira / RTL
Den Aarbechtsminister huet e Bekenntnis zum Lëtzebuerger Sozialdialog gemaach an zum Recht vun de Gewerkschaften, fir Kollektivverträg ze negociéieren.
Dat nodeems et Kaméidi tëscht him an de Gewerkschafte ginn hat, well hien dat Bekenntnis d’virlescht Woch an enger Reunioun zesumme mat de Sozialpartner net hätt wollte maachen. De Georges Mischo sot en Dënschdeg an der Froestonn an der Chamber:
"An de leschten zwou Wochen hunn ech op de verschiddene mediale Plattformen an op diversen anere Plaze meng Positioun geäussert an ënnerstrach, datt ech ni gesot hunn, datt d’Gewerkschaften hire Monopol an dësem Kontext géingen ewechgeholl kréien. Ech bestätegen dat elo hei nach emol. An der Logik vun deem elo gesoten hunn ech de Gewerkschaften dann och d’lescht Woch eng Invitatioun fir eng bilateral Entrevue am Ministère zougeschéckt."
Ma d'Positioun vun de Regierungsparteie par rapport zum exklusive Recht vun de Gewerkschaften, fir Kollektivverträg ze verhandelen - sou wéi d'Gesetz et de Moment virgesäit - bleift ambigu. Déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard huet eng Motioun deposéiert, mat där no Negociatioune mat deenen anere Fraktiounen, d'Regierung sollt opgefuerdert ginn, déi exklusiv Roll vun de Gewerkschaften an de Kollektivvertragsverhandlunge weiderhin un z'erkennen. D'CSV wier d'accord gewiescht wier, d'Motioun matzedroen. Mee nodeems d'DP gesot huet, si géif se just matstëmmen, wann d'Exklusivitéit géing aus der Motioun erausgestrach ginn, gouf se mat de Stëmme vun der ganzer Majoritéit, inklusiv der CSV, verworf. D'Deputéiert vun der ADR hu sech enthalen.