UEL-President Michel Reckinger verwonnert iwwer Verhale vu Gewerkschaften
Dem Michel Reckinger no misst een dem Fait Rechnung droen, dass 56 % vun de Personaldelegéierten net Member an enger vun de grousse Gewerkschafte wieren.
"Mir souzen och an deem berüchtegten CTPE a mir ware genee sou verwonnert wéi den Aarbechtsminister, iwwert d’Verhale vun de Gewerkschaften." Esou reagéiert de President vun der Union des entreprises, de Michel Reckinger, nodeems den 8. Oktober d’Vertrieder vun OGBL, LCGB an CGFP de Reuniounssall verlooss haten. Dat well den Aarbechtsminister Georges Mischo hinnen net wollt verspriechen, datt si och an d'Zukunft d'Exklusivitéit géife behalen, fir d'Kollektivverträg auszehandelen.
Fakt wier awer Mol, dass 56 % vun de Personaldelegéierten net Member bei den national representative Gewerkschafte wieren. An där Realitéit misst ee Rechnung droen, seet de Michel Reckinger:
"Mir hunn 30.000 Entreprisen, wou keng Gewerkschaft an der Delegatioun ass. Wat solle mer da mat deenen 30.000 Entreprisë maachen? Déi hunn alleguerte ganz spezifesch Froen, déi hunn alleguerte ganz spezifesch Äntwerten, déi se kënnen an dem Betrib maachen. A mir hätte gären natierlech, dass dee Patron mat senge Leit kann diskutéieren iwwer verschidde Saachen. An d’Diskussioun ass, iwwer wat kënne mer diskutéieren. An dat war am Fong Thema, a si si fortgaangen, well se dat Mol net wëlle mat eis diskutéieren."
D’Patronat ënnerstëtzt och déi geplangte Gesetzesännerung vum Aarbechtsministère, fir d‘Sonndesaarbecht vun aktuell 4 op 8 Stonnen eropzesetzen. Och domat géif op d’Demande vum Terrain reagéiert ginn. Vill Leit wéilte sonndes schaffen, dat hätt och mat Familljenorganisatioun ze dinn. A just 4 Aarbechtsstonnen géife sech, fir Leit mat laangen Trajeten net lounen, sou nach de Michel Reckinger.