E Mëttwoch war den Aarbechtsminister Georges Mischo op Demande vun déi Lénk an der Aarbechtskommissioun vun der Chamber.

"Den Aarbechtsminister huet eng Virstellung vu Sozialdialog, déi komplett laanscht d'Realitéit geet." Dat huet den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, um Mëttwoch no der parlamentarescher Aarbechtskommissioun ënnerstrach, wou den CSV-Ressortminister Georges Mischo op d'Demande vun déi Lénk Explikatioune sollt ginn iwwert den Eclat déi lescht Woch am Comité permanent du travail et de l'emploi, kuerz CPTE.

D'Gewerkschaften haten d'Gespréicher verlooss

Eigentlech sollt iwwert en Aktiounsplang fir Kollektivverträg diskutéiert ginn, deen néideg ass, fir eng europäesch Direktiv ëmzesetzen. D'Gewerkschafte wollte vum Minister d'Versprieche kréien, datt si och an d'Zukunft d'Exklusivitéit géife behalen, fir d'Kollektivverträg auszehandelen, mä dat Versprieche war de Minister net bereet ze ginn.

De Minister Georges Mischo verséchert keng Absichten ze hunn, déi géint d'Salariéë wieren: "Op kee Fall wëll ech d'Léin a Kollektivverträg schwächen. Ech wollt einfach an engem CPTE Saachen undiskutéieren. Dat war zu deem Ament awer net méiglech. Ech hoffen, datt dat elo verstanen ass an datt mer de Sozialdialog erëm kënnen ophuelen."

De Virgänger vum Georges Mischo, de fréieren LSAP-Ressortminister Georges Engel versteet, datt d'Gewerkschaften de Comité permanent du travail et de l'emploi verlooss hunn. Hei géif nämlech d'Gefor bestoen, datt si eppes ewechgeholl kréichen, wat fir si an de Sozialdialog immens wichteg wier:

"Wann hien (de Minister) de Gewerkschaften näischt hätt wëllen ewechhuelen, dann hätt hie kéinte ganz kloer soen, datt d'Kollektivverträg mat de Gewerkschaften diskutéiert ginn a mat kengem aneren. Dat huet en net gemaach. Seng Manéier, fir ze soen, hie wier e Frënd vum Sozialdialog, déi stellen ech ganz staark a Fro. Tëschent dem Soen an dem Handelen do leie beim Minister Welten."

De Marc Baum vun déi Lénk explizéiert, datt de Sozialdialog méi wier wéi just en eidelt Wuert:

"Sozialdialog, dat ass am Fong näischt anescht wéi de Lëtzebuerger Modell. E Lëtzebuerger Modell, deen um soziale Fridde berout, deen dorop berout, datt relativ wéineg gestreikt gëtt, well mer Mechanismen hunn, fir ze kucken, datt déi Oneenegkeeten am Viraus esou wäit wéi méiglech kënnen aus de Féiss geraumt ginn. Wann dat elo alles a Fro gestallt ass, da geet et awer lass hei zu Lëtzebuerg."

Den Aarbechtsminister Mischo huet der zoustänneger Chamberkommissioun verséchert, datt hien d'Sozialpartner am Comité permanent du travail et de l'emploi erëm esou séier wéi méiglech wéilt ronderëm den Dësch kréien a schéckt de Gewerkschaften elo e Bréif, an deem hie si fir weider Gespréicher invitéiert. Donieft huet de Georges Mischo der parlamentarescher Kommissioun versprach, datt si och deen Aktiounsplang kritt, ëm deen et hei geet.

Firwat et an den Ae vum fréieren LSAP-Aarbechtsminister an aktuellen Deputéierte Georges Engel esou wichteg ass, datt d'Exklusivitéit, fir Kollektivverträg ze verhandelen, bei de Gewerkschafte bleift, dat erkläert hien en Donneschdeg kuerz no 8 Auer. Hien ass eisen Invité vun der Redaktioun.