D'Serie "Take Off - Science Challenge Show" gouf bei de renomméierte Silbersalz Science and Media Awards ausgezeechent.

Mat dësem Präis, deen am Kader vum Silbersalz-Festival zu Halle an Däitschland vergi gëtt, gi Medie-Bäiträg geéiert, déi sech drop konzentréieren, Wëssenschaft a Medien zesummenzebréngen.

RTL

"Take Off" gouf hei e Freideg mam Young Audience Award geéiert. Mat dësem Präis gi Produktiounen ausgezeechent, déi déi nächst Generatioun vu jonke Wëssenschaftler begeeschteren an inspiréieren.

Op RTL Play fannt Dir alleguer d'Episode vun "Take Off".