Wéi vill huet d'Chamber 2023 kascht?

© AFP
En Donneschdeg den Owend huet d'Kontekommissioun de Bilan vun de Käschte fir d'Chamber vun zejoert virgestallt.
Eng 58,9 Milliounen Euro goufe fir de gudde Fonctionnement ausginn, soen d’Konten, déi en Donneschdeg den Deputéierte presentéiert goufen.
Et ginn dräi gréisser Käschtepunkten:
19,2 Millioune ware Personal-Käschte fir déi 164 Mataarbechter vun der Chamber, wouvunner der 20 am Laf vun 2023 nei agestallt goufen.
16,2 Millioune goufen un d’Deputéiert an hir Leit bezuelt, dorënner fale Jetonen an de Congé politique.
13,2 Millioune ware Fonctionnementskäschten.
Déi politesch Gruppen a Sensibilitéiten, also déi méi kleng Parteien an der Chamber, goufe mat ronn 6 Milliounen Euro ënnerstëtzt.
Dobäi kommen da weider méi vergläichsweis kleng Käschte wéi Frais de route, d'Publikatioun vum Compte rendu oder de Remboursement vun de Fraise wéinst der Walcampagne un d'Parteien, wat knapp 1,7 Milliounen ausgemaach huet.
De Rapport muss an der Chamber gestëmmt ginn. Rapporter ass den ADR-Deputéierten Tom Weidig.