Decarbonatioun vun der IndustrieManner Gas fir méi Onofhängegkeet

Monica Camposeo
D'Decarbonatioun vun der Industrie soll net just déi nohalteg Transitioun virundreiwen, mee och d'Entreprisë méi kompetitiv maachen, sot de Wirtschaftsminister Lex Delles bei der Presentatioun vun engem Appel d'offres.
De Wirtschaftsminister Lex Delles op der Pressekonferenz
De Wirtschaftsminister Lex Delles op der Pressekonferenz
© Monica Camposeo

Sechs Projete sinn zeréckbehale ginn. Domat sollen iwwert déi nächst 10 Joer 270.000 Tonnen CO2 agespuert ginn. Oder anescht ausgedréckt: dat sinn op ee Joer gekuckt esou vill Tonnen CO2, wéi wann ongeféier 12.000 Autoe manner géinge fueren.

Manner Gas fir méi Onofhängegkeet - Decarbonatioun vun der Industrie

Virun allem soll duerch d’Decarbonatioun manner Gas verbraucht ginn, esou de Minister Lex Delles. Besonnesch an dësen Zäite géing een nämlech mierken, dass mir ofhängeg si vun engem Präis, deen um Marché bezuelt gëtt, mee dee sech awer aus Decisiounen ergëtt, op déi Lëtzebuerg keen Afloss huet. Gemengt sinn natierlech Kricher a Krisen, déi d’Präisser an d’Luucht drécken.

Den Appel d’offres gouf zejoert lancéiert. 7 Entreprisen hu sech doropshi gemellt. Ee vun de sechs Projeten, deen zeréckbehale gouf, ass vun der Firma Avery Dennison Luxembourg. Den Adrien Villani erklärt, dass an hirem industrielle Prozess Batterien, déi hëtzen, agesat ginn. Dës fonctionéieren aktuell mat Gas, sollen awer am Kader vun der Decarbonatioun elektresch bedriwwe ginn. “Et ass also een Element vun der Maschinn, deen decarbonéiert gëtt.” An dat och ouni iwwerméisseg vill Stroum mussen ze notzen, betount den Adrien Villani vun Avery Dennison Luxembourg.

Wéi resilient de Wiessel vu fossillen op elektresch Energien ass, bleift allerdéngs eng wichteg Fro. Fir d’Decarbonatioun ze erméiglechen, wier et duerchaus wichteg, de Stroumreseau, esou wéi och déi erneierbar Energien hei am Land, konsequent auszebauen, präziséiert de Wirtschaftsminister Lex Delles: “Mir hunn als Regierung dofir eng Rei Initiative geholl. Sief et, dass mer kënne Wandmille bei den Entreprisen direkt opstellen. Dat war bis elo net méiglech.”

Ëffentlech Gelder u konkret Resultater knäppen

De komplette Budget fir d’Projeten ze ënnerstëtzen, läit bei knapp iwwer 132 Milliounen Euro, déi de Ministère a Form vu Subsiden ausbezilt. Dräi Joer hunn déi ausgewielten Entreprisen Zäit, fir hir Visiounen ëmzesetzen. Ginn d’Projeten net an dësem Delai ëmgesat, kann d’Hëllef vum Staat och gekierzt ginn. Domadder soll d’Ausbezuele vun ëffentleche Gelder u konkret Resultater geknäppt ginn. Duerch déi sechs verschidde Projeten, déi zeréckbehale goufen, solle pro Joer 27.000 Tonnen CO2 agespuert ginn. Dat entsprécht ongeféier 12.000 Autoen, déi e ganzt Joer laang net fueren.

Back to Top
CIM LOGO