Konte vum Internationale StrofgeriichtOppositioun reprochéiert Regierung Passivitéit an Affär vun zwee zoue Spuerkeess-Konten

Pierre Jans
D'Spuerkeess-Direktioun an d'Regierung hunn den Deputéierten aus der Finanzkommissioun misse Ried an Äntwert stoen.
© Tom Zeimet

Et goung ëm d‘Konte vum Internationale Strofgeriichtshaff, déi vu Sanktiounen duerch d‘Trump-Administratioun betraff sinn. D’Spuerkeess huet déi zwee Konte vum Geriichtshaff mat Sëtz zu Den Haag zougemaach, aus Angscht, d‘Geschäft mat den USA kéint geschiedegt ginn. En Argument, dat d‘Oppositioun net gëlle léisst.

Alles geet zeréck op d‘Mandat d‘arrêten, déi den Internationale Strofgeriichtshaff géint den israeelesche Premier Netanjahu an den deemolegen Defenseminister Gallant fir d‘Krichsaktivitéiten an der Gazasträif decidéiert hat. Et gouf och Enquêten géint US-Personal. Dem Trump no alles net begrënnt. Seng Reaktioun: Sanktioune géint héichrangegt Personal vun deem Geriicht. Strofen, déi op US-Territoire gëllen. Mä d‘Angscht virum Trump senger Roserei huet et bis an Europa gepackt, bis op Lëtzebuerg. Fir d‘éischt huet d‘Strofgeriicht zu Den Haag déi ronn 17 Milliounen Euro vun de Spuerkeess-Konten an Holland transferéiert. D‘Konte goufen dunn Enn Februar dëst Joer agefruer. Aus dem Finanzminister Gilles Roth senger Siicht ass dat alles net, fir an d‘Hänn ze klappen. Dovun ofgesinn, wären d‘Hänn him hei souwisou gebonnen.

“E Client bei enger Bank ass e Client bei enger Bank virun enger Reglementatioun. D‘Spuerkeess muss am Interessi vun der Bank a vum generellen Interessi kucken, dass déi intern Risiko-Bewäertung applizéiert gëtt. Dat gouf hei gemaach. Et kann een natierlech de generelle geopolitesche Kontext bedaueren. Hei ass awer eng konkret Fro, déi sech gestallt huet par rapport zu Avoiren op engem Kont an duerno zum Kont selwer. D‘CPI huet d‘Suen ofgezunn an ech schléissen net aus, dass de Kont duerno ‘d‘un commun accord’ opgeléist gouf.”

© Tom Zeimet

D‘Gauche, déi d‘Regierung an d‘Kommissioun bestallt hat, war mat dëser Begrënnung net averstanen. Den David Wagner vun déi Lénk erkläert och wisou.

“Dat ass ‘Paragrafereiterei’. Et kann net sinn, dass mir déi Decisioun geholl hunn. Jo, d‘Lëtzebuerger Regierung ass anescht ewéi déi aus Holland relativ séier an d‘Knéie gaange virun den USA. Si mengt och nach, dass dat gutt wär fir d‘Finanzplaz. Ech menge genee de Géigendeel. Et ass ganz schlecht fir d‘Reputatioun vum Land.“

D’Deputéiert déi gréng Sam Tanson fënnt d’Virgoen och net gutt: “Et geet eben net ëm iergendee Client. Et geet ëm eng Institutioun. A mir hu Verflichtungen där géintiwwer. Mir hunn de Statut ënnerschriwwen, deen déi Institutioun schaaft. Et wär wichteg gewiescht, als Regierung de Message ze ginn, dass een hannert der CPI steet.

De Franz Fayot vun der LSAP hätt sech eng aner Approche gewënscht: “Bei der Regierung ass et d‘Vue, dass dat hei e Client ass wéi den Här Schmit oder Müller, an dass een de Kont muss zoumaachen, wann et brenzeleg gëtt. Mir hunn eng komplett verschidden Approche.“

Fir den ADR-Deputéierte Tom Weidig huet d’Spuerkeess richteg gehandelt: “Ech fannen, dass d‘Spuerkeess näischt falsch gemaach huet. Si hunn de Risiko evaluéiert. De Kont, dee war och net wierklech wichteg fir de Fonctionnement vum Geriichtshaff.”

De Marc Goerge vun de Pirate schwätze vu grave politesche Feeler, déi mussen opgeschafft ginn. “Den éischte Feeler war do, wou den Ausseminister ëm Hëllef gefrot gi war. Déi Demande un den Ambassadeur an Holland ass net beäntwert ginn. Mir Pirate maachen elo eng offiziell Demande bei der Chamber, fir déi Dokumenter ze kréien. Dat alles war wäit virdrun, ier de Finanzminister agebonne gi war.”

D‘Pirate gesinn den Ausseminister Xavier Bettel an der Responsabilitéit. Gutt méiglech, dass den Dossier nach eemol hei an der Finanzkommissioun opgemaach gëtt.

Back to Top
CIM LOGO