
Um Dënschdeg den Owend huet d’Police an enger allgemenger Kontroll e Chauffer ugehalen, bei deem sou Munches net an der Rei war. Géint hie louch e partiellt Fuerverbuet vir, donieft waren d’technesch Kontroll an d’Steiervignette ofgelaf.
Well d’Beamten am Gefier d’Iwwerreschter vun engem Joint fonnt hunn, gouf den Auto weider ënnersicht. Dobäi konnte puer Behälter fonnt ginn, an deene kleng Quantitéite Kokain, Ketamin a 15 Ecstacy-Pëllen dra waren. Ausserdeem goufen eng Tut Marihuana, Geschier fir d’Huele vun Drogen ze preparéieren a Boergeld séchergestallt.
Um Enn war och den Drogentest beim Chauffer positiv, sou datt en neit Fuerverbuet ausgestallt an de Mann festgeholl gouf. Op Uerder vum Parquet hat hien e Mëttwoch de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.