Den CGDIS melltAuto op der Kopp tëscht Gréiwelsser Barrière a Leidelenger Gare

RTL Lëtzebuerg
Donieft waren et zwee weider Accidenter um Mëttwoch den Nomëtteg. Eng Persoun ass bei dësen Tëschefäll blesséiert ginn.
3 Accidenter um Mëttwoch, eng Persoun ass blesséiert an d’Spidol komm
© CGDIS

Kuerz viru 16 Auer war tëscht der Gréiwelsser Barrière a Leidelenger Gare e Gefier um Daach gelant, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz waren de Samu an d’Ambulanz au der Stad, nieft de Pompjeeë vu Mamer an Dippech.

Tëscht Waasserbëlleg a Mompech ass et kuerz viru 15 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm. D’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Gréiwemaacher a Mäertert waren dohin, Blesséierter ware keng ze verzeechnen.

Um 16.40 Auer ass et op der Diddelenger Autobunn, just no der Grenz a Richtung Frankräich, zu engem Accident komm, an deen dräi Gefierer verwéckelt waren. Am Asaz war d’Ambulanz vu Beetebuerg an d’Pompjeeë vun Diddeleng, Beetebuerg a Keel.

Donieft hat géint 10.50 Auer zu Esch-Uelzecht um Boulevard Aloyse Meyer en Transformator gebrannt. Blesséiert gouf dobäi keen, d’Pompjeeë vun Esch, Schëffleng a Beetebuerg hu sech ëm dee Brand gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO