Forum fir Sécherheet, Gesondheet a Wuelbefannen op der AarbechtD’Zuel vun Aarbechtsaccidenter geet weider erof

Marlène Clement
Um Kierchbierg hu bal 130 Exposante Léisunge proposéiert, fir d'Sécherheet op der Aarbecht an um Aarbechtswee ze verbesseren.
D’Zuel vun Aarbechtsaccidenter geet weider erof
Forum fir Sécherheet, Gesondheet a Wuelbefannen op der Aarbecht

D’Zuel vun Aarbechtsaccidenter geet weider erof

D’Aarbechtsaccidenter am Grand-Duché sinn an de leschte Joren zeréckgaangen. Ma nach ëmmer kënnt et reegelméisseg zu Accidenter op der Aarbecht oder um Aarbechtswee, am schlëmmste Fall déidlech. Um Forum fir Sécherheet, Gesondheet a Wuelbefannen op der Aarbecht, e Mëttwoch an der Luxexpo um Kierchbierg, hunn eng 125 Exposanten eng ganz Rei Léisungen a Produiten an dem Kontext presentéiert.

Null Aarbechtsaccidenter, dat ass d’Zil vu Vision Zero. Déi national Preventiounsstrategie fir d’Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht ass 2016 an d’Liewe geruff ginn an dréit, wéi et ausgesäit, hir Friichten. D’Tauxe vun den Aarbechtsaccidenter sinn esou niddreg ewéi nach ni, freet sech d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez. All Accident wier awer nach ëmmer een ze vill. Dofir hätt ee sech en neien Objektiv gesat, fir déi aktuell Tauxen nach eng Kéier ëm ee Fënneftel erofzesetzen.

2024 goufen et am Ganzen 16.751 Aarbechtsaccidenter. A fënnef Fäll huet déi betraffe Persoun den Accident net iwwerlieft. Déi déidlech Aarbechtsaccidenter sinn iwwert déi lescht Joren awer konstant erofgaangen. 2018 waren et der nach 23.

Datt d’Aarbechtsaccidenter zeréckginn, wier nëmmen duerch eng gutt Preventioun méiglech, betount den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz. D’Sensibiliséierung, déi vun der Assurance Accident a vun der ITM gemaach gi wier, wier amgaang, hir Friichten ze droen. An dat wier am Interêt vun alleguerten de Beschäftegten, awer och vun de Betriber.

Wärend ee bei der Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht dacks direkt u physesch Blessuren denkt, réckt ee mental Gesondheet an d’Wuelbefannen ëmmer méi an de Fokus. D’Croix-Rouge huet an deem Kontext och en neie Projet an d’Liewe geruff, fir dee se um Forum och e Präis vun den zoustännege Ministere krut. Ee vun dräi Mataarbechter gouf an engem Cours op déi mental Gesondheet sensibiliséiert an dat géing elo nach weider ausbaut ginn, huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez erkläert.

Accidenter geschéien awer net nëmmen op der Aarbecht, mee dacks och um Aarbechtswee. Am Februar gouf eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert, déi op eng ganz Rei Geforen an deem Kontext hiweist, wéi zum Beispill Handy oder Alkohol um Steier. De President vun der Sécurité routière huet un déi zoustänneg Ministeren appelléiert, nach e Schrëtt méi wäit ze goen. Alkohol hätt näischt op den Tankstelle verluer, fënnt de Paul Hammelmann.

Ee Verkafsverbuet ass zwar net en Vue, wéi op Nofro aus der Äntwert vun der Martine Deprez erauszehéiere war. Et wéilt een awer elo mol mat der Sécurité routière och zesumme kucken, verschidden Evenementer mam Raoul ze “flaggen”, fir datt dat Bewosstsinn och opkënnt, wann een dobausse feiert a wann ee vläicht ënnerwee ass fir heem, datt een net ze vill drénkt, respektiv am beschten iwwerhaapt net drénkt. Wa manner gedronk gëtt, gëtt och manner verkaf, domat géing automatesch vläicht och den Intressi vun den Tankstellen noloossen, fir iwwerhaapt Alkohol ze verkafen, mengt d’Gesondheetsministesch.

Back to Top
CIM LOGO