Wéi d'Police matdeelt, konnt een e Samschdeg de Mëtteg e Brigang zu Schuller festhuelen, donieft gouf an der Stad och nach en Drogendealer erwëscht.

E Samschdeg de Mëtteg krut d'Police e Mann gemellt, deen an der Garer Strooss zu Schuller an e Gefier agebrach wier. Op der Plaz huet eng Patrull festgestallt, dass an e puer méi Ween agebrach gouf. Den Onbekannten hat bei dräi Autoen, déi um Parking vun der Gare stoungen, d'Fënsteren ageschloen. Hie konnt net wäit vun der Gare wech vun de Beamte lokaliséiert a gestallt ginn. De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Weider Festnam an der Stad

An der Nuecht op e Sonndeg ass enger Policepatrull am stättesche Garer Quartier eng verdächteg Persoun opgefall. De Beamten no hätt et sech kënnen ëm en Drogendealer handelen an dowéinst gouf sech schlau gemaach. Effektiv wier et zu engem Austausch tëscht dem presuméierten Dealer an enger potentieller Keeferin komm.

Op der Héicht vun der Rue du Fort Elisabeth ass de Mann du gestoppt a kontrolléiert ginn. De Beamten ass opgefall, dass hie Schléckbeweegunge gemaach huet. De Parquet gouf informéiert an huet eng Ënnersichung duerch e Scanner ordonéiert. Dëst huet de Mann refuséiert. Hie gouf festgeholl an hat direkt den anere Moien e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.