Philippe Wasila vu griichescher Police zu Athen festgeholl
 
                    Ee vun de meescht gesichte Leit an Europa ass fonnt ginn. De Philippe Wasila gouf per europäeschem Mandat d'arrêt gesicht.
De Philippe Stanislas Antoine Wasila war ënnert anerem wéinst Fraude vu méi wéi 5 Milliounen Euro, souwéi Bedruch an organiséierter Kriminalitéit vun Europol gesicht ginn. Nodeems déi griichesch Police vun der FAST-Unitéit vun de Lëtzebuerger Kolleegen doriwwer informéiert gouf, datt de gesichte Wasila sech an der Regioun Athen ophale kéint, haten d'griichesch Beamten strategesch Plazen iwwerwaacht, wouduerch et hinne gelongen ass, de 57 Joer ale Fransous den 2. Dezember festzehuelen.
Zanter Abrëll 2024 war hien aktiv gesicht ginn a stoung zanter dem 11. November op der Lëscht vun de meescht gesichte Leit an Europa. Déi Lëtzebuerger Police hat dowéinst zesumme mat Europol nom Mann gesicht. Dat am Kader vun enger Fraude vu méi wéi 5 Milliounen Euro. Hie soll an de Joren 2013 an 2014 Investisseure Milliounen Euro ofgeholl hunn, andeems hie gemaach huet, wéi wann hien en erfollegräiche Geschäftsmann an Affekot wier. Weider huet hie behaapt, den Direkter vum engem Investitiounsfong ze sinn an huet zolidd Gewënner fir d‘Investisseure versprach, wa si an e Projet investéieren, bei deem eng autonom Dron soll entwéckelt ginn. Amplaz an en Drone-Projet z‘investéieren, soll de Philippe Wasila mat dëse Suen awer e Reseau aus Entreprisen an auslännesche Konten opgebaut hunn, fir dës ze verontreien a säi private Liewensstil ze finanzéieren.
De Philippe Stanislas Antoine Wasila ass zu Lëtzebuerg gebuer an huet hei vill Jore gelieft.
Elo misst déi griichesch Justiz decidéieren, ob si de Wasila wéinst den zwee Mandat d'arrêten ausliwweren, éier d'Ermëttlunge weider kéinte goen, preziséiert de Lëtzebuerger Parquet.
 
                     
                     
                     
                    