Lëtzebuerg sicht nom Philippe Stanislas Antoine Wasila
D'Lëtzebuerger Police, ma och Europol, ass op der Sich nom 57 Joer ale Fransous, dat ënner anerem wéinst Bedruch an organiséierter Kriminalitéit.
Déi Lëtzebuerger Police sicht elo zesumme mat Europol eng Persoun am Kader vun enger Fraude vu méi wéi 5 Milliounen Euro. Gesicht gëtt de Philippe Wasila. Hie soll an de Joren 2013 an 2014 Investisseure Milliounen Euro ofgeholl hunn, andeems hie gemaach huet, wéi wann hien en erfollegräiche Geschäftsmann an Affekot wier. Weider huet hie behaapt, den Direkter vum engem Investitiounsfong ze sinn an huet zolidd Gewënner fir d‘Investisseure versprach, wa si an e Projet investéieren, bei deem eng autonom Dron soll entwéckelt ginn. Amplaz an en Drone-Projet z‘investéieren, soll de Philippe Wasila mat dëse Suen awer e Reseau aus Entreprisen an auslännesche Konten opgebaut hunn, fir dës ze verontreien a säi private Liewensstil ze finanzéieren.
Géintiwwer dem Lëtzebuerger Wort huet de Concernéierte sech an engem Bréif zu de Virwërf geäussert a behaapt, dës Affär wier méi wéi 10 Joer al an nach ëmmer net viru Geriicht verhandelt ginn. Doriwwer eraus hätt hie mat den Autoritéite kooperéiert.
Trotzdeem steet de Philippe Wasila elo emol op der Lëscht vun de meescht gesichte Persounen an Europa.
Wien Informatiounen iwwert de Philippe Stanislas Antoine Wasila huet, soll sech bei FAST Luxembourg (fast.lux@police.etat.lu) oder iwwert de Site vun Europol (www.eumostwanted.eu) mellen.