Regierung huet keen Optrag fir eng Pensiounsreform
Op der Conférence des Comités Elargie vun der Staatsbeamtegewerkschaft e Méindeg huet d'CGFP ënnert anerem hire Fuerderungskatalog presentéiert.
Fundamental Gewerkschaftsrechter gehéieren net a Fro gestallt, d'Politik kann de Sozialdialog net an d'Fënster stellen, obschonn en net richteg funktionéiert an d'Regierung huet vun de Pensiounen ewechzebleiwen. Ënnert anerem déi Messagen huet d'CGFP den Éieregäscht, dorënner och de Minister fir den ëffentlechen Déngscht, op der Conférence des comités mat op de Wee ginn.
Éieregäscht waren dës Kéier nawell eng Partie do an dat louch dorunner, datt den 115. Anniversaire vun der Gewerkschaftsbeweegung am Staatsdéngscht gefeiert gouf.
E Gebuertsdag, deen d'CGFP houfreg war kënnen ze feieren, mä ouni déi Sujeten ze vergiessen, déi der Gewerkschaft um Häerz leien. Dat ass virop eng méiglech Pensiounsreform, déi eréischt no de Walen e Sujet ginn ass.
De President vun der CGFP, de Romain Wolff, huet de Regierungsparteien Onéierlechkeet virgehäit a keen Zweiwel dru gelooss, datt et déi Reform mat senger Gewerkschaft net gëtt. Net bei Reserven, déi dat anert Joer -neisten Informatiounen no- bei ronn 30 Milliarden Euro leien.
"Ech soen et hei klipp a kloer: Dat ass Bedruch um Wieler, un eis all!!! Dës Regierung huet keen Optrag vum Wieler ënnert de gegebenen Ëmstänn, iergendeppes an dësem Dossier ze ënnerhuelen!!!"
De Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Steve Heiliger, ass dovunner iwwerzeegt, datt d'Rentendebatt och en Oflenkungsmanöver ass, vu Problemer, déi net richteg ugepaakt ginn. Als Beispill huet hien de Logement genannt, wou et iwweregens verpasst gi wier, d'Gewerkschaften ze invitéieren, genee wéi um Energiedësch. An deem Kontext fuerdert d'Staatsbeamtegewerkschaft, datt den Energiepräisdeckel, wéi en an der Tripartite decidéiert gouf, bis Enn 2025 verlängert gëtt.
"Geschitt dat nämlech net, kommen esou munch Stéit a Bedrängnis. Dofir och vun hei den Appell un d'Regierung: Gitt op dee Wee, legiferéiert. Et ass nach net ze spéit, fir den Hiewel ëmzeleeën."
D'CGFP begréisst et, datt d'Steiertabell op den 1. Januar ëm am ganze 6,5 Indextranchen ugepasst gëtt, esou wéi ënnert anerem d'Staatsbeamten dat scho laang gefuerdert hunn, mä do ass nach Loft no uewen, fënnt de Steve Heiliger.
"Firwat ass et net méiglech, en Automatismus do eranzekréien: All Kéier, wann eng Indextranche erfält, gëtt de Barème och adaptéiert. Dann hätte mer de Problem vun der kaler Progressioun net. De Finanzminister an domadder d’Regierung schéngen awer domat e Problem ze hunn."
Op d'Ried vun hirem Minister, dem Serge Wilmes, hunn déi ronn 400 Delegéiert mat Spannung gewaart, eng Reaktioun op d'Diskussioun iwwert d'Pensioun gouf et net, mä ëmmerhi seet de Minister, hien hätt opgepasst:
"Ech hunn Iech nogelauschtert haut den Owend. Dir hutt Är Punkte kloer gemaach an déi Punkten, déi sinn och bei mir ukomm. Elo sti mer virun engem wichtegen Ament, well geschwënn diskutéiere mer iwwert den nächsten Accord salarial. Dir wäert do mat mir weider e Partner fannen, dee sech oppe weist fir Är Punkten."
Domadder dierft déi substanziell Erhéijung vum Punktwäert, déi d'CGFP mat Nodrock fuerdert, jo keen ze vill grousse Problem ginn.
En Dënschdeg kommen den OGBL an den LCGB zesummen. Do geet et ënnert anerem ëm d'Erhale vun de sozialen Acquisen, d'Kollektivverträg, d'Indexatioun an d'40-Stonne-Woch.