Zu Lëtzebuerg komme pro Joer dräi Intersex-Persounen op d'Welt
© FG Trade / Getty Images
Mat der parlamentarescher Fro wollt d'Djuna Bernard bei der Gesondheetsministesch och op d'Rechter vun deene Kanner opmierksam maachen.
Zu Lëtzebuerg kommen all Joer am Duerchschnëtt dräi Kanner op d’Welt, bei deene Variatioune bei der Geschlechtsentwécklung festgestallt ginn. Dat schreift d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard. Déi Zuel géing d’Kannerklinik confirméieren, déi dës Fäll an der Reegel zentraliséiert. Op d’Fro, wéi vill vun deene Kanner operéiert ginn, kann d’Ministesch net äntweren. Déi Fäll géingen an héichspezialiséierte Kompetenzzenteren an d’Ausland verwise ginn. Dës Zentere géingen d’international Recommandatiounen anhalen, déi ënnert anerem soen, datt Intersex-Kanner just sollen operéiert ginn, wann et medezinesch noutwenneg wier, esou d’Gesondheetsministesch.
D’Deputéiert wollt dann och vun der Ministesch wëssen, ob d’Regierung virgesäit, d’Rechter vu Kanner mat Variatioune bei der Geschlechtsentwécklung per Gesetz ze stäerken. Gespréicher tëschent de concernéierte Ministèren an der leschter Legislaturperiod hätten net zu enger formeller Prise de position gefouert, esou d’Martine Deprez dozou. En interministeriellen Aarbechtsgrupp, deen 2023 domat befaasst gouf en Avant-Projet de loi vum Justizministère zu deem Thema ze debattéieren, wier zanter dem Enn vun der leschter Legislaturperiod net méi zesumme komm, well den Avant-Projet de Loi net hätt kënne viru bruecht ginn. Wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, géing een d’Entwécklung an deenen aneren EU-Länner suivéieren.
Associatioune wéi Intersex an Transgender Lëtzebuerg setze sech dofir an, datt Operatiounen u Kanner mat Variatioune bei der Geschlechtsentwécklung verbuede ginn, esou laang se net dréngend medezinesch noutwenneg sinn. An aneren europäesche Länner ginn et scho Gesetzer, déi Operatiounen un Intersex-Kanner a verschiddene Fäll verbidden an zum Deel ginn et och schonn Optioune fir en anert Geschlecht wéi männlech oder weiblech anzedroen. De Conseil de l’Europe schafft aktuell un neie Recommandatioune fir d’Mënscherechter vun Intersex-Persounen ze schützen.