Ëmstridde Pensiounsreform, Käschte fir den Trounwiessel a Louvre gouf geplëmmt
© RTL-Grafik
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Nei Detailer zu der Pensiounsreform
Eng Partie Leit wäerte méi laang musse schaffe goen, och wann déi Verlängerung net grad esou héich ausfale wäert, wéi nom Luc Frieden senger Annonce am Mee fir d’éischt geduecht. E Mëttwoch gouf et Detailer zu der geplangter Pensiounsreform vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez an der zoustänneger Chamberkommissioun.
Déi reell Aarbechtszäit gëtt verlängert - och wann un der Pensioun mat 65 Joer net gefréckelt gëtt - an et soll méi Flexibilitéit bei der Pension progressive ginn. Domat wier de Pensiounssystem bis 2042 ofgeséchert.
Dat huet den Trounwiessel kascht
Et kann een antëscht méi genee aschätzen, wéi vill ëffentlech Gelder an den Trounwiessel gefloss sinn. Op d'mannst emol fir de Staat sinn antëscht all d'Rechnungen dobannen an et kënnt een op en Total vun 8,6 Milliounen Euro. D'Stad Lëtzebuerg konnt dës Woch nach keen definitive Montant nennen, ma déi provisoresch Zomm läit bei bal 5 Milliounen Euro.
D'Stad Diddeleng huet e Freideg matgedeelt, datt den Trounwiessel si 325.000 Euro kascht huet, wärend et fir Wolz knapp 175.000 Euro waren.
Groussherzoglech Famill huet en neie Member
Mir bleiwe beim Haff: D'Prinzessin Alexandra an hire Mann Nicolas Bagory si leschte Freideg fir d'zweete Kéier Eltere ginn. Mam Hélie koum e klenge Bridderche fir d'Victoire op d'Welt. Mamm a Kand géif et gutt goen, esou den Haff.
Prekaritéit zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass zwar eent vun de räichste Länner op der Welt, ma nach laang net all Mënsch kann hei am Grand-Duché e wierdegt Liewe féieren. Zanter 2005 klëmmt d'Prekaritéit konstant an och Aarbecht schützt virun Aarmut net. D'Virginie Schweger, d'Madinatu Abdulrasheed an de John Sinner liewen a finanzieller Onsécherheet, jidderee vun hinnen aus ënnerschiddleche Grënn. Si hunn RTL hir Geschicht gezielt.
An engem anere Reportage hu mir mat enger Koppel geschwat, déi zu Lëtzebuerg an hirem Auto liewen. De 50 Joer ale Mann huet seng Aarbecht wéinst engem Handicap verluer, seng 60 Joer al Partnerin krut no zwee CDDe kee feste Kontrakt méi.
Viru Geriicht: Lëtzebuerger Resident a Portugal vergëft
Virum Stater Geriicht gouf dës Woch ee Prozess verhandelt, an deem eng Fra, hire Bouf, hir Mamm an där hire Partner virgeworf kréien, 2021 ee Lëtzebuerger Resident a Portugal vergëft an an e Floss geheit ze hunn. Déi Haaptugeklot soll hirem Partner Insektizid an d'Gedrénks gemëscht hunn.
Wat e Freideg an deem Fall viru Geriicht ofgelaf ass, kënnt Dir hei noliesen. Am Artikel sinn och déi aner Prozessdeeg verlinkt.
De Louvre gouf geplëmmt
E spektakulären Abroch gouf et leschte Sonndeg am Louvre, wou sech véier Abriecher mat de franséische "Kronjuwelen" fortgemaach hunn. De Schued gëtt op op d’mannst 88 Milliounen Euro geschat, a weder d’Déif nach d’Bijoue konnte bis ewell erëmfonnt ginn.
Awer keen Trump-Putin-Sommet
Nach d'lescht Woch hat den US-President Trump en Treffe mam russesche President Putin annoncéiert, elo ass et geplatzt. Hie wéilt "keen onsënnegt Treffen", dat well Russland net bereet ze si schéngt, fir enger direkter Wafferou zouzestëmmen, esou den Trump.
Dat geplangten Treffen an der ungarescher Haaptstad war souwisou ëmstridden, net just well den ukrainesche President Selenskyj net derbäi gewiescht wier, ma och, well Ungarn dacks kritesch ass, wann et ëm Hëllefe fir d'Ukrain geet. Et wier iwwerdeems déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich gewiescht, datt de Putin EU-Territoire géif betrieden, obwuel et géint deen e Mandat d'arrêt vum Internationale Strofgeriichtshaff gëtt.
Dësen Hotel ass ze grouss fir d'Kockelscheier
En Hotel mat méi ewéi 500 Kummere plus Restaurant a Wellness, eng Hal mat Plaz fir iwwer 4.000 Leit an Honnerte Parkplazen - fir d'Kockelscheier dann awer eng Nummer ze grouss, fënnt de Stater Gemengerot.
De Projet soll vis-à-vis vum neie Stadion aus dem Buedem wuessen, op engem Terrain vu ronn 7 Hektar. Wann de Projet bis allen Ufuerderunge géing Rechnung droen, dann dierft enger Autorisatioun awer näischt am Wee stoen, sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.