Just nach een Toilettëraum fir 1.600 Schüler op - wéinst Vandalismus
Am Lallenger Lycée hu ronn 1.600 Schüler, déi d'Schoul all Dag besichen, net schlecht gestaunt, wou am ganze Gebai just nach een Toilettëraum op war.
Elteren hate sech un d'Redaktioun vun RTL adresséiert, fir op den Zoustand opmierksam ze maachen. Net just wiere just nach d'Toilettë bei der Loge fir d'Schüler op, ma si misse sech och all Kéiers op eng Lëscht aschreiwen, wa si d'Raimlechkeete benotze wéilten.
D'Directrice vum Lycée zu Esch, d'Cynthia Recht, huet d'Faite confirméiert an an engem Gespréich erkläert, firwat dës Decisioun geholl gouf. Zanter Jore wier Vandalismus op den Toiletten ee Problem, esou d'Lycéesdirectrice, ma dëst Joer wier "de Wuerm dran".
All gudden Dag géifen d'Toiletten express blockéiert ginn, et géife Lächer an d'Mauere gemaach ginn, op d'Mauere gemoolt, Toilettendeckelen zerbrach an och an den Toilettë gefëmmt ginn. Doriwwer eraus kéim et och ëmmer nees vir, dass Schüler hiert Geschäft express nieft der Toilette géife verriichten. "Eist Botzpersonal ass just domat amgaangen", esou d'Cynthia Recht.
D'Decisioun, just nach d'Toiletten nieft der Loge opzehunn - aacht fir d'Männer a véier fir d'Fraen -, wier ee Versuch, déi Schëlleg ze fannen an de Recht vun de Schüler fir de Problem ze sensibiliséieren. De Vandalismus op den Toilettë wier nämlech net just respektlos géigeniwwer vun den anere Leit an dem Botzpersonal, ma et wier och een onnéidege Käschtepunkt, déi futtis Deckelen a Maueren ëmmer nees ze ersetzen an ze reparéieren.
"Mir wollte weisen, 'Esou kann et och sinn'", esou d'Directrice iwwert déi méi streng Approche. Bei de Schüler wieren d'Reaktioune gedeelt gewiescht. Wärend d'Aktioun bei verschiddenen Schüler op Onverständnis gestouss wier, hätten aner Schüler, déi sech vum Vandalismus och gestéiert fillen, et begréisst.
Directrice huet awer och nach drop higewisen, datt déi limitéiert Disponibilitéit vun den Toilettë keen Dauerzoustand soll sinn. Vun e Mëttwoch u wieren déi aner Toiletten an der Schoul nees normal op.