4 Poliziste virun Uklo, well se e Mann an enger Zell mësshandelt sollen hunn

© RTL Archiv
De Parquet wëll déi 4 Polizisten ukloen, well se am Mee d'lescht Joer e Mann an enger Zell vum Garer Kommissariat solle mësshandelt hunn.
Dat schreift d’Lëtzebuerger Wort e Mëttwoch. Deene 4 géif an der Haaptsaach Folter virgehäit ginn. Elo ass et un de Riichter ze decidéieren, op genuch Elementer fir e Prozess virleien.
Sollt et dozou kommen an déi 4 Polizisten géife schëlleg gesprach ginn, riskéiere se feste Prisong tëscht 5 a 15 Joer. D’Faite ginn op den Owend vum Nuetsmarathon 2023 zeréck.
3 Polizisten sollen do e Mann, dee gedronk hat an an de Passage-Arrest koum, an enger Zell zerklappt hunn. E véierte Polizist soll du probéiert hunn, dat Ganzt ze vertuschen, andeems hien en anere Beamten ugewisen hat, den Asaz-Rapport ze fälschen.
Dee Polizist huet d’Affär du gemellt, wouropshin déi 4 Beamten am Juli 2023 fir zwee Méint an Untersuchungshaft koumen. Si si bis haut vum Déngscht suspendéiert.