An de leschte Stonnen hu sëllege Brigangen an der Stad, ma och zu Stengefort hiert Onwiese gedriwwen.

Ugefaange mat engem Abroch an en Auto en Dënschdeg am Nomëtteg an der Rue Saint-Ulric an der Stad, bei deem eng Posch geklaut gouf. Zwee Verdächteger konnte gestallt ginn. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl an hate e Mëttwoch de Moie scho Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

An der Nuecht dunn huet d'Police e Mann um Stater Boulevard Royal gemellt kritt, dee blesséiert wier. Dëse koum dann och an d'Spidol. Éischten Informatiounen no war d'Affer vun zwee Männer iwwerfall ginn. Bei enger direkter ageleeter Sichaktioun konnt ee Verdächtegen ausgemaach ginn an et gouf protokolléiert.

Da krut d'Police och eng sëllegen Abréch gemellt, zum Beispill en Dënschdeg am Nomëtteg an der Rue du Kirchberg an der Stad. Do haten Onbekannter sech en Zougang an en Haus verschafft, déi awer vun de Bewunner iwwerrascht goufen. Si si geflücht a goufen no enger Sichaktioun och net erëmfonnt.

Dee selwechten Nomëtteg gouf nach en Abroch zu Stengefort an der Cité Manzendall gemellt. Och hei goufen d'Täter iwwerrascht an hu sech ewechgemaach.

A béide Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.