Reprise am Logement kënnt lues awer sécher

© Envato Elxeneize
Et ginn nees méi Kreditter accordéiert an Akten ënnerschriwwen.
Et fänkt un nees ze lafen am Logement. Et gëtt erëm méi Kafkraaft, ënner anerem duerch d’Indextranchen. D’Immobiliëpräisser sinn erofgaangen, an d’Zënstauxen och. D'Chambre immobilière confirméiert eng gewëss Reprise.
Hire Spriecher Jean-Paul Scheuren:
"Mir stellen eigentlech fest, dass bei de bestoende Bienen d'Venten um Niveau vun den Transaktioune bal op deem Niveau sinn, dee mer fréier kannt hunn. Par contre bei de VEFAen, also alles, wat an der Constructioun ass, do si mer nach wäit ënnert den Erwaardungen. Mir gesinn awer elo säit zwee dräi Méint, dass d'Mesuren, déi de Staat do geholl huet, ufänke mat Gräifen an d'Leit erëm zréck an de Marché kommen an och ufroen an datt och déi éischt Kontrakter ënnerschriwwe ginn."
Chambre immobilière hofft op Verlängerung vu Mesuren
Effektiv wéilten aktuell vill Leit nach vun de staatleche Mesurë profitéieren, déi um Enn vum Mount auslafen, wéi zum Beispill de verduebelte bëllegen Akt an déi hallwéiert Plus-Value. De Jean-Paul Scheuren hofft, datt d'Regierung hire Choix, déi Moossnamen ze stoppen, nach emol iwwerdenkt
"Mir wäre frou, wann déi nach kéinte verlängert ginn, well et effektiv fänkt unzezéien. Mir fäerten, dass dann d'Loft awer e bësse géif erausgoen, wann déi Mesuren elo net kéinte verlängert ginn. Dat ass awer elo un der Politik, dat ze decidéieren."
ABBL confirméiert Reprise
D’Dynamik bei de Kreditter wier kloer ze spieren an d’Confiance kéim erëm, heescht et vun der Bankenassociatioun ABBL.
"Eis Membere soen eis, mir hu méi Dossieren. An net nëmmen am residentielle Beräich am Existant, mee och an der VEFA."
sou den ABBL-Direkter Jerry Grbic. Bei de Kreditter géing d’Zuel vun de Refusen erof an déi vun den Accorden erop.
Fir déi rezent Evolutioune konkret an Zuelen ze faassen, dofir ass et nach ze fréi, mä..
"Et gëtt eenzel Statistike vu verschiddene Memberen. An déi soen an dat scho säit, ech géif soen, véier bis sechs Méint, wou mer déi Progressioun gesinn, dass et méi gëtt. An do schwätze mer vu Progressioune vu plus 50 Prozent par Rapport zu der Situatioun virun engem Joer. Dat heescht, et ass scho substantiell, dat si keng Eenzelfäll."
Ursaache fir déi rezent Evolutioune gëtt et méi. Et gëtt rëm méi Kafkraaft, ënner anerem duerch d’Indextranchen. D’Immobilie-Präisser sinn erof gaangen an d’Zëns-Tauxen och.
"Dir gesitt haut Tauxen am Taux fixe - da muss een da kucken tëschent fënnef Joer, zéng Joer - do kënnt der awer fix Tauxen ab 3 .20, 3 .30 kréien. An da geet dat och op bis am Taux variabel, deen dann effektiv op dem Leetzëns baséiert vun der Zentralbank, do leie mer dann nach vläicht bei 4 .25, 4 .50."
Dës Regierung huet eng Rei Mesuren op de Wee bruecht, fir de Logement nees unzekierpen. Ënner anerem de verduebelte bëllegen Akt an déi hallwéiert Plus-Value. Vill Leit maache sech den Ament nach bäi, fir dovunner ze profitéieren, iert se lo Silvester auslafen. Ënner dem Stréch géing een den Effet vun de politesch Mesuren op alle Fall elo gesinn, sou de Jerry Grbic.
"Mir gesinn, dass de Gesamtpackage awer gutt ass an hëlleft de Marché, erëm op d' Been ze kréien. Et kann een elo diskutéieren ob een dat nach hätt misste sechs Méint weiderlafe loossen oder net."
Eisen Informatiounen no ass elo um Enn vum Joer och bei den Notäre vill lass. Ënner anerem ebe well verschidde staatlech Mesuren auslafen. De President vun der Chambre des Notaires war fir en Interview leider net disponibel, aus zäitleche Grënn.