An der Nuecht op e Freideg ass d'Police virun hirem Büro an der Rue Marie et Pierre Curie op e Mann opmierksam ginn, dee sech hei donieft beholl huet.

Wéi et am Policebulletin heescht, war de Mann staark alkoholiséiert an huet widder d'Déngschtween vun de Beamte geschloen. Well hie sech och hinne géigeniwwer aggressiv verhalen huet, huet hie mussen immobiliséiert ginn a koum an d'Ausniichterungszell.