Dës Decisioun huet de Lëtzebuerger Inneministère en Dënschdeg de Moien an engem offizielle Schreiwes matgedeelt.

Nom Muechtwiessel a Syrien flaamt elo eng nei Debatt iwwert d'Migratiounspolitik op. A villen EU-Länner ass scho rieds, fir Asyl-Prozeduren auszesetzen. Op dee Wee geet dann och Lëtzebuerg.

An engem Schreiwes vun der Immigratiounsgeneraldirektioun gëtt den Dënschdeg de Moie preziséiert, dass d’Analyse vun Asyldemanden aus Syrien emol bis op Weideres op Äis geluecht goufen. Rieds ass vun enger temporärer Suspensioun, bis een déi geopolitesch Situatioun a Syrien genee analyséiert hätt an ee wéisst, wéi et op der Plaz weidergeet.

Wärend där Suspensioun behalen déi concernéiert Leit awer hir Plaz an engem Foyer hei am Land an et géif keng Verschlechterunge ginn. Et kënnen och weider Demanden op eng international Protektioun vu Syrer gemaach ginn. Net betraff sinn iwwerdeems sougenannten Dublin-Fäll.
 
Och an Däitschland, Italien, Schweden, Norwegen an Dänemark wëll een op dee Wee goen. An Éisträich ass et esouguer esou, dass een amgaangen ass, eng Mesure auszeschaffen, dass Syrer, déi zwar Asyl accordéiert kruten, dëse Status nees sollen ewechgeholl kréien, huet de Kanzler Nehammer e Méindeg den Owend confirméiert.

En Dënschdeg um internationalen Dag vun de Mënscherechter warnt an deem Sënn Amnesty International, keng fréizäiteg Decisiounen ze treffen. Syrien misst sech elo mol fir d'éischt politesch stabil opstellen, ier een iwwert e Schutz-Status sollt debattéieren.

Wéi laang Asyldemanden op Äis geluecht ginn, ass nach onkloer

Den Inneminister Léon Gloden weess net, wéi laang den Traitement vun den Asyldemandë vu syresche Staatsbierger ausgesat gëtt.

Den ADR-Deputéierte Fred Keup an de Gréngen-Deputéierte Meris Sehovic wollten dat wärend enger Froestonn an der Chamber en Dënschdeg de Mëtteg vun him wëssen. Den diktatoresche Regime vum elo gestierzten Assad war jo de Grond, firwat vill Syrer op der Flucht sinn.

De Léon Gloden vun der CSV huet d‘Zuel vun 825 Asyldemande vu Syrer genannt, déi temporär suspendéiert ginn, bis een déi geopolitesch Situatioun a Syrien genee analyséiert hätt an ee wéisst, wéi et op der Plaz weidergeet. Den Inneminister huet präziséiert, hie géif aktuell kee Grond gesinn, fir Syrer, déi de Statut vum Refugié hunn, zeréckzeschécken. Vill vun hinnen wären hei an der Gesellschaft integréiert. D‘Situatioun a Syrien wär ebe weider ongewëss.

Aus dem selwechte Grond behale Leit déi eng Demande gemaach hunn, déi elo op Äis geluecht gëtt, hir Plaz an engem Foyer hei am Land an et géif keng Verschlechterunge ginn, esou de Léon Gloden. Syrer kënnen och weider eng entspriechend Demande fir international Protektioun maachen. Ma déi géif dann, wéi déi aktuell 825, suspendéiert ginn.
 
Den Ausseminister Xavier Bettel huet iwwerdeems betount, dass aktuell net ofzegesi wär, wéi et a Syrien weidergeet. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar hat sech weider Detailer vum Ausseminister gewënscht. Deen huet just geäntwert, vill Deeler vum syresche Vollek wären erliichtert, well en Diktator gestierzt gouf. Et wär deemno eppes Schlechtes gaangen, mä de Xavier Bettel weess net, ob elo eppes Guddes komm ass.

Offiziellt Schreiwes

Suspension de l'examen des demandes de protection internationale des ressortissants syriens (10.12.2024) 
Communiqué par : ministère des Affaires intérieures / Direction générale de l'immigration 
 
À la suite des récents événements en Syrie et de la chute du régime de Bachar al-Assad, le ministère des Affaires intérieures, à l’instar de nombreux autres États membres, suspend momentanément l'examen des demandes de protection internationale des ressortissants syriens.

Cette suspension est temporaire, le temps d’effectuer une analyse approfondie de la nouvelle situation géopolitique en Syrie en concertation avec les autres États membres. La suspension permettra une concertation entre homologues européens pour garantir une approche harmonisée. Dans ce contexte, il faudra observer comment évolue la situation en termes de droits de l’Homme.

Pendant la suspension, les demandeurs continueront à bénéficier d’un hébergement dans les foyers et il n’y aura aucune détérioration de leurs conditions matérielles ou administratives.

Par ailleurs, si le traitement est suspendu, la possibilité d'introduire une demande de protection internationale par des ressortissants syriens est maintenue. Cette mesure de suspension n’affecte pas la procédure Dublin.