Mënschenhandel - méi Moyenen a Strofe fir Police a Justiz

D'Enquêteure bei der Police a bei der Justiz kréien am Kampf géint de Mënschenhandel méi mënschlech, mee och prozedural Moyenen.
D’Affer gi weider méi geschützt, esou zum Beispill duerch d’Aféiere vun engem Zeien- an Afferschutz, deen et hei am Land nach net gëtt. D'Riichter kréien eng Dier opgemaach, fir Täter vu Mënschenhandel méi streng kënnen ze verurteelen. Dat alles huet d’Justizministesch Elisabeth Margue dësen Dënschdeg an der Chamber widderholl.
D'Deputéiert hu sech op Demande vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana iwwert dat komplext an interdisziplinäert Thema vun der "traite humaine" ënnerhalen. Aus dem 4. Rapport vun der consultativer Mënscherechtskommissioun war ervirgaangen, datt d’Zuel vu Fäll vu Mënschenhandel hei am Land tëscht 2021 an 22 op 127 däitlech geklommen ass par Rapport zu de Jore virdrun. Donieft geet jidderee vun enger grousser Donkelziffer am Mënschenhandel aus. Am meeschte gëtt vu Fäll an der Prostitutioun bericht, mee och am Horeca, am Bausecteur oder doheem bei de Leit. Datt d'Zuel geklommen ass, kéint der Ministesch no och dorobber zeréckzeféiere sinn, datt ebe grad d'Sensibiliséierung an d’Preventioun puer Friichte kéinte gedroen hunn.
D’Condamnatioune sinn och geklommen, mee et koum ni zu feste Prisongsstrofen an et goufe keng Etablissementer zougemaach. E "rosenen" CSV-Deputéierten Laurent Zeimet sot, seng Fraktioun hätt näischt dogéint, wa seng Parteikolleegin, d’Justizministesch, méi streng mat den Täter wéilt ëmgoen. D'Elisabeth Margue sot och, en Artikel vum Code de procédure pénale, deen 2018 bäikoum, géing ofgeännert ginn: an zwar den Artikel 195-1, dee virgesinn huet, datt Geriichter fest Prisongsstrofe musse speziell motivéieren ausser a Fäll vu Recidiven, also wann den Täter net bei senger éischter Strof ass. Deen Artikel soll esou ewéi den CSV-DP-Koalitiounsaccord et virgesäit, op kleng Strofe limitéiert ginn. Si géing d'Ännerung Ufanks d’nächst Joer am Regierungsrot deposéieren.
Ongläichheeten, Nigerianer an Au-pairen
Och den Deputéierte vun déi Lénk de Marc Baum sot, et kéint net sinn, datt d’Täter um Enn manner bestrooft wieren ewéi d'Affer. An och hien huet sech fir méi Enquêteuren a Moyene fir Avoire vun Täter ze saiséieren, ausgeschwat. Hien huet dogéint betount, datt d’Haaptursaach fir de Mënschenhandel d’sozial en ekonomesch Ongläichheeten an der Gesellschaft wieren a virun allem déi misste bekämpft ginn. De Staat géing mat Mesuren ewéi déi géint Sans-abrien aus dem Ausland oder nach ze wéineg abordabel Wunnengen de Nährbuedem fir Mënschenhandel schafen.
Den ADR-Deputéierten Dan Hardy huet a senger Interventioun ënnert anerem mam Fanger op nigerianesch Drogenhändler gewisen, déi Frae géinge prostituéieren. D’gréng Deputéiert Djuna Bernard huet d’Beispill vun den Aupairen genannt, déi hei am Land schaffen. Den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo huet an deem Zesummenhang drop higewisen, datt déi awer net ënnert d’Aarbechtsrecht géinge falen a fir Kontrolle bei de Leit doheem e Mandat fir eng Perquisitioun néideg ass.
D’CSV, DP an ADR hunn eng Motioun vun der LSAP verworf, mat där eng gutt Dose Recommandatioune vun der CCDH sollen ëmgesat ginn, well eng Rei Mesuren jo ënnerwee wieren an anerer méi déifgrënneg missten diskutéiert ginn. Dogéint hunn all d'Deputéiert eng Resolutioun vun der LSAP duerchgewonk, déi virgesäit, datt de Rapport vun der CCDH esou behandelt gëtt, ewéi dee vum Ombudsman fir d’Rechter vun de Kanner a Jugendlechen. Dee gëtt an der Chamber systematesch presentéiert an duerno debattéiert.