Fliger deckt eng Partie Zille vun Daach of
Zu Hamm huet e Mëttwoch de Moien e Cargofliger esou e staarke Wierbel ausgeléist, datt e klengen Deel vun engem Haus ofgedeckt gouf.
Vill Chance haten e Mëttwoch de Moie géint 10.30 Auer Foussgänger zu Hamm, wéi sech bei der Landung vun engem Fliger Daachzille geléist haten an op d'Strooss gefall waren. Wéi Aenzeien RTL géintiwwer reportéiert hunn, wieren d'Placke warscheinlech duerch de Wierbel vun enger Turbinn un d'Rëtsche komm. De Proprietär vum Haus, den Norbert Grundner, ass grad erausgaangen, wéi d'Zillen erofgefall sinn.
"Ech hu just een Jet héiere vun uewen, sou wéi ee Staubsauger eppes... dunn huet et eng Kéier gezunn an du liicht geknuppt. An du sinn d'Leeën erofkomm."
En Donneschdeg de Moien hunn d'Proprietäre Rendez-vous bei der Police, fir Plainte géint Onbekannt ze maachen. De Virfall ass iwwert der Sakgaass "am Haff" geschitt - dëst vis-à-vis vun zwou Crèchen - den Ament vum Tëschefall waren awer keng Kanner oder Leit op den Trottoiren ënnerwee, esou datt och kengem Mënsch e Leed geschitt ass. Et ass net fir d'éischt gewiescht, datt Diecher zu Hamm duerch Fligere beschiedegt goufen, confirméiert de Roger Schlechter, President vum Interesseveräin Hamm. Scho virun 10 Joer war et zu engem änlechen Tëschefall komm - och deemools waren Daachzillen duerch den Effekt vun Ënnerdrock vu Fligerturbinnen op d'Strooss gepucht ginn ("Wirbelschleppe"). War et e Pilotefeeler?
"Nee et ass kee Pilotefeeler. Dat gëtt och elo nach analyséiert. D'ANA [Administration de la navigation aérienne; Umierkung vun der Redaktioun] weess Bescheed. An déi maachen och hir Aarbecht a kontrolléieren dat elo. Wann de Fliger an der richteger Héicht war an däerf landen, dann huet de Pilot kee Feeler gemaach. Dat do kann einfach passéieren duerch Turbulenzen. Dat si 'Loft-Böen', déi vum Fliger verursaacht ginn an dann entsteet een Ënnerdrock an da kann dat do passéieren."






Eng Enquête vun der ANA muss elo klären, wéi et zum Tëschefall zu Hamm e Mëttwoch de Moie konnt kommen. Op Nofro bei der ANA an och beim Mobilitéitsministère heescht et, dass een derbäi wier, all d'Informatiounen ze sammelen an et géing ee sou séier wéi méiglech wëlle kommunizéieren.
Beim Fliger dierft et sech ëm eng chineesesch Cargomaschinn gehandelt hunn, déi no Horaire normal um Findel gelant ass.