Déi Europäesch Zentralbank huet en Donneschdeg decidéiert, den Haaptleetzëns vun 3,25 op 3% erofzesetzen.

Entwécklung vum Haaptleetzëns / Reportage François Aulner

A puncto Inflatioun wier d'Missioun nach net erfëllt - also op 2% ze kommen - mee et wier een um gudde Wee, esou d'Cheffin vun der EZB Christine Lagarde en Donneschdeg. De Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch sot am Interview en Donneschdeg zu Frankfurt schonn, datt weider Zënsbaissë net ganz deraisonnabel wieren.
 
"Wa mer wierklech op deem Zil do wiere vun 2% Inflatioun, da kéint een dovunner ausgoen, an enger gewëssener Logik, wier et net ganz deraisonnabel, wann den Zënssaz, deen elo 3% ass, an Etappe géing bis Ufank d'Fréijoer d'nächst Joer op 2,5% géing goen", esou de Gaston Reinesch. An Etappe bis d'Fréijoer wieren dat deemno zwou weider Baissë vun all Kéier 0,25%. "An do si mir um gudde Wee, dat Zil z'erreechen. Wann een elo d'Projektioune kuckt, déi och dem Governing Conseil presentéiert gi sinn, kann een dovun ausgoen, dass mir iergendwéi, loosse mir soen, am Ufank vum Fréijoer d'nächst Joer, op déi 2% wäerte plus ou moins - op eng sustainable Aart a Weis – kommen."
 
Hien erënnert awer natierlech drun, datt et aktuell "enorm vill Onsécherheete" gëtt an d'Zënsbaissë kéimen, "wann näischt Exzeptionelles" geschitt. Hie betount och, datt d'EZB sech op Previsioune baséiert, déi och vu verschiddenen Hypotheesen ausginn.