Um Cape Canaveral a Florida sollt e Sonndeg eng Rakéit mat zwee Satellitte vun der Lëtzebuerger Firma SES u Bord starten- ma dee Start gouf verréckelt.

E Start wäert warscheinlech eréischt an den nächsten Deeg méiglech sinn, well d’Wieder net matspillt. Wéi d’SES erkläert, wier dat awer méi heefeg de Fall. Esou e Startdatum wier éischter e méiglechen Zäitraum.

D'Anne Wolff mellt sech vum Cape Canaveral

Wann et dann esouwäit ass, ginn déi zwee Satellitte mat enger Falcon 9 vu Space X eropgeschoss. D’Satellitte selwer sinn Deel vun engem Programm: Zanter Dezember 2022 sinn ewell sechs vun de sougenannten “O3b Mpower”-Satellitten eropgeschoss ginn. Dat hei wieren dann d’Nummer 7 an 8 vun am ganzen 13. Si kreesen am Medium Earth Orbit ronderëm d’Äerd, dat entsprécht enger Héicht vun 8.000 Kilometer.

Wéi d’SES erkläert, géifen déi Satellitte 96 Prozent vun der Weltbevëlkerung ofdecken. Esou hunn och ofgeleeë Regiounen ouni Glasfaser Zougank zu séierem Internet. D’Satellitte ginn a verschiddene Beräicher agesat : An der Telekommunikatioun, beim Militär, bei Croisièresschëffer, bei der Katastrophenhëllef, an der Industrie, zum Beispill beim Pëtrols- oder Gas-Ofbau. Zu de Clientë gehéieren ënnert anerem d’Nato, Microsoft oder nach Orange.

RTL

© Boeing

Steierbar a méi präzis Satellitten

Déi nei Generatioun vu Satellitten ënnerscheet sech a ville Punkte vun de méi traditionelle Modeller:
Si si mat 1,9 Tonnen däitlech méi liicht. Traditionell Satellitte weien eng gutt 3,75 Tonnen a si bestinn aus däitlech manner Komponenten.

Si sinn och méi flexibel an de Beräicher, déi se ofdecke kënnen: Bei übleche Satellitte kéint een déi Beräicher a Kapazitéiten net veränneren, mee hei kéint een iwwert eng Software méi flexibel reagéieren an d’Satellitte-Signaler geziilt dohi steieren, wou d’Connectioun grad gebraucht gëtt.