Déi Decisioun huet de Verwaltungsrot vun der Associatioun geholl. De Christian Weiwers iwwerhëlt d'Funktioun réckwierkend op den 1. Dezember.

Elysis verwalt zwee Fleegeheemer am Grand-Duché, dat eng Kéier um Kierchbierg an nei zanter dësem Joer och zu Esch. Béid zesummen hunn eng Kapazitéit vun 260 Better.

Un der Spëtzt vun der ASBL steet dann zanter dësem Mount den diploméierten Ingenieur. Den 52 Joer ale Lëtzebuerger huet schonn a verschiddenen "reputéierten" Entreprisen, wéi Elysis an hirem Communiqué schreift, Erfarung gesammelt, déi hien elo an der Associatioun asetze kann.