E Samschdeg hate mir dräi Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio. Thema war Suicide a Suicidegedanke bei jonke Leit.

Et bräicht eng méi koordinéiert a strukturéiert Approche an der Suicide-Präventioun, mee och eng méi effikass prise en charge vun de Betraffenen an hire Familljen.

Dat war eng vun de Konklusiounen aus der Diskussioun ronderëm de Suicide an d’Suicidegedanken, besonnesch bei Jonken, an eiser Emissioun Background am Gespréich. Invitéiert waren Dr. Vera Tetikov, Kanner- a Jugendpsychiaterin an den Hôpitaux Robert Schuman, de Gilles Gerges, Sozial-Pädagog a Chef de Service beim Krisen-Interventiounszenter Péitrusshaus, an d'Vicky Pundel, Enseignante déi hir Schwëster viru 6 Joer duerch e Suicide verluer huet.
 
Wéi schwéier et ass, enger Persoun am Ëmfeld ze hëllefen, där et mental net gutt geet, gouf mam Vicky Pundel hiren Témoignagen däitlech. Si an hier Famill wousste scho virum Suicide vun hirer Schwëster, datt d’Situatioun kritesch wier, mee ee richtegen Uspriechpartner gouf et net:

"An där Phas, nee. Elo am Nachhinein denke mer och selwer, mir hätten do vill méi misste Leit froen, mee dann hat een och ëmmer meng Schwëster do, wat sot, ech wëll net, datt d'Leit et matkréien. Ech hunn Angscht, wa Leit et matkréien, datt ech dann dee Schwaachen hei sinn, datt jidderee mech ausschléisst, nach méi souwisou. An, jo, mir woussten einfach net weider. Mir hate keen Uspriechpartner."

Professionell Hëllef géif et hei zu Lëtzebuerg zwar vill ginn, ma déi ze navigéiere wier extrem schwéier. Dem Gilles Gerges, Chef de Service beim Krisen-Interventiounszenter Péitrusshaus, no bräicht et dofir méi Koordinatioun.

"Mir brauchen eigentlech virun der Kriseninterventioun nach e Krisemanager, dee genau heem fiert, dee begleet, deen do ass, deen ech kann uruffen, deen net stigmatiséiert, deen dech net zwéngt, mat denger Kris an eng Kriseninterventioun ze fueren. Datt mer e Krisemanager entwéckelen, dee genau dat Opfänken an deen d’Famille vun A bis Z begleet an dee ganzen Dschungel vu sozialen Déngschtleeschtungen zu Lëtzebuerg kennt an och dohinner orientéiert."
 
Fir d'Dr. Vera Tetikov, Kanner-a Jugendpsychiaterin aus den Hopitaux Robert Schuman géif esou eng Approche och déi ganz Prise en Charge méi effikass maachen.

"An der Praxis hu mer ganz oft, datt Famille kommen, wou fënnef Servicer involvéiert sinn, keen huet eng Anung, wat deen anere mécht. An dann hu mer e ganze Koup, dee sech engagéiert, ganz vill Ressourcen, a mir hu jo vill Ressourcen hei zu Lëtzebuerg. Fir déi Jonk ginn et wierklech vill Saachen, an heiansdo gesinn ech einfach, datt vill Aktionismus do ass, vill Hëllef probéiert gëtt och ze ginn, mee awer net strukturéiert, net koordinéiert an dann och ebe vill Zäit vum Jonken och verschwent gëtt."

D'Invitéë ware sech eens, datt méi iwwer mental Krankheete misst geschwat ginn. Dat géif och de Betraffenen hëllefen, méi oppe mat hirer Krankheet ëmzegoen. Dës géife nach ëmmer net genuch verstane ginn, sou d'Vicky Pundel.

"Mir gesinn einfach, et ass en Tabu. Mir hunn zwar vill gutt Erfarung gemaach, mee et goufen awer och wierklech Leit, déi et guer net verstanen hunn, déi da Kommentare gemaach hu wéi: Mäi Kand, deen huet sech net erausgesicht, ob e wollt stierwen oder net, wou een da scho sou war: Du hues och einfach dat Ganzt nach net verstane wat dat fir eng Krankheet ass."
 
De Konsum vu Soziale Medie kann d'Risike fir déi Jonk och verstäerken, esou d'Kanner- a Jugendpsychiaterin Dr. Vera Tetikov.

"Nëmmen nach op den Handy, nëmmen nach an déi Foren, Instagram, vill Vergläicher, vill sech dorobber ze fokusséieren, datt keng Orientéierung méi no bausse war, datt de Retrait dann och stattfonnt huet, also ewech fält vun eigentlech gesonde Kontakter no baussen, mat Famill, mat Frënn, mat Kolleegen, mat Veräiner a Clibb. An dat gesi mer dann och."
 
Dofir wier et och am Kader vun der Präventioun wichteg, déi Jonk ze verstoen a sech mat hinnen auserneen ze setzen, sou de Gilles Gerges.

"Präventiv heescht et nozelauschteren. Präventiv heescht et och fir eis Professioneller net ze laberen, net schonn iergendeppes drop ze setzen, wat mer eis virstelle kënnen, wat an där dote Generatioun kéint e Problem sinn. Et heescht Verständnis weisen, et heescht genau dat, et heescht driwwer schwätzen, et existéiert a mir sollten dat einfach opmaachen, dee Raum a beienee stoen a vernetzt schaffen, an der Liewenswierklechkeet an an der Liewensrealitéit."

Donieft missten och d'Strukture fir déi jonk Erwuesse vun 18 bis 25 Joer ausgebaut ginn. Si hätte keen Accès op d'Jugendpsychiatrie, wieren awer an engem Alter, an deem eng adequat Prise en Charge net ze vernoléissege wier.
 
Fir d’Jugendpsychiatrie ginn et den Ament laang Waardezäiten. Eng méi koordinéiert Approche kéint do och hëllefen, sot d'Dr. Vera Tetikov.

"D’Fro ass, kéint een net schonn eigentlech vill éischter ufänken, dat Ganzt besser ze koordinéieren an einfach ze kucke wie brauch wat, well net jidderee brauch eng Psychiatrie oder net jidderee brauch ee Psycholog, et kéint scho sinn, datt déi ganz Belaaschtung an de ganze Gipfel do vum Äisbierg, eppes, also dat sech da mat Suizidalitéit äussert, vläicht scho virdru kéinten opfänken."
 
Dee ganze Background kënnt dir op eisen digitale Plattformen nokucken a -liesen.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu

Background am Gespréich vum 22. November 2025

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.