D'Police mellt Abréch queescht uechter d'Land
E Freidegowend a Samschdegmoien ass erëm op enger Rei Plazen agebrach ginn. Dat um Belair, zu Biebereg, Nacher, Gréiwemaacher a Mamer.
An alle Fäll goufe Wäertsaache geklaut.
Da gouf et och nach eng Rei Tentativen zu Bouneweg, Diddeleng, Fenteng a Leideleng. Hei hunn d‘Täter probéiert anzebriechen, sinn awer vun den Awunner bemierkt ginn an doropshi fortgelaf.
An alle Fäll war d‘Police technique op der Plaz an huet eng Enquête lancéiert.
Alkohol um Steier
An de fréie Moiesstonnen um Samschdeg ass der Police en Auto an der Stad opgefall, dat géint 4 Auer. En Automobilist war hei duerch rout gefuer, wouropshin e vun de Beamte gestoppt a kontrolléiert gouf. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet decidéiert.
Géint 5.30 Auer ass en Automobilist zu Bartreng e puer Tier duerch e Rond-point gefuer. Wéi dësen dunn eng Policepatrull gesinn huet, ass en iwwert en Trottoir gefuer, fir duerno weider ze fueren, wéi wann näischt gewiescht wier. E gouf dann awer vun der Policepatrull gestoppt. En däitlechen Alkoholgeroch huet d'Beamten dozou bruecht en Alkoholtest beim Chauffer ze maachen. Dëse war dann och positiv. Wéi d'Beamten d'Pabeiere kontrolléiert hunn, hu se festgestallt, dass de Chauffer guer kee valabele Fürerschäin hat. Deemno gouf et net just e Protokoll wéinst Alkohol um Steier, ma och nach ee wéinst dem Fueren ouni valabele Fürerschäin.