Ass manner wierklech méi? En Interview mam Jason Hickel
Wat géif geschéien, wa mir "Äddi" zum Kapitalismus soen an eis amplaz nees richteg op de Mënsch fokusséieren?
De britteschen Ekonomie-Anthropolog Jason Hickel, dee sech zanter Jore mat dëser Thematik auserneesetzt, ass dëser Deeg zu Lëtzebuerg op enger Konferenz vum Mouvement écologique.
D'Wuesstemskritik huet wéinst der verstäerkter Klimabeweegung déi lescht Joren un Opwand gewonnen. "Manner ass méi", esou d'Astellung vum Jason Hickel. Den Tim Morizet huet sech mam brittesche Fuerscher ënnerhalen.
Tim Morizet: Dir wëllt, datt mer "Äddi" zum Konzept vum Wuesstem soen. Eppes, op wat de Kapitalismus opgebaut ass. Äddi zum Gedanken, datt Wuesstem gläichzäiteg Wuelstand a Wuelbefanne bréngt. Amplaz soll de Mënsch sech op seng "richteg" Besoine fokusséieren. Fannt dir dat eng radikal Iddie oder ass et awer méi einfach wéi ee géif mengen?
Jason Hickel: Gutt, et ass eng radikal Iddi am Sënn, datt dat net dat ass, wat mer elo maachen, mee mer sollen et maachen. Ech mengen, dat Wichtegst, wat d'Leit verstoe mussen, ass, datt wa mer iwwer Wuesstem nodenken, denke mer dacks u Saache wéi sozial Fortschrëtter, Innovatiounen a Verbesserungen am mënschleche Wuelbefannen. Mee dat ass eigentlech guer net dat, wat Wuesstem bedeit. Ech mengen, Wuesstem ass ganz spezifesch definéiert als eng Erhéijung vun der aggregéierter industrieller Produktioun, gemooss un de Maartpräisser.
No dësem Moossstaf sinn 1 Millioun Euro un Obligatioune genee sou vill wäert wéi 1 Millioun Euro u Gesondheetsversuergung. Wann et ëm mënschlecht Wuelbefannen a sozial Fortschrëtter geet, ass eent dovu méi wichteg wéi dat anert.
D'Iddi hei ass also einfach, amplaz unzehuelen, dass et eng Zort vu magescher Verbindung tëscht totaler industrieller Produktioun a mënschlechem Wuelbefannen a sozialem Fortschrëtt gëtt, mécht et méi Sënn, sech op d'Saachen ze konzentréieren, wou mer wëssen, datt tatsächlech muss nogebessert ginn. An da kënne mer Forme vun der Produktioun erofschrauwen, déi eigentlech zerstéierend an onnéideg sinn, an dofir eis sozial an ekologesch Ziler op eng méi effizient Aart a Weis erreechen. Et ass ganz vernënfteg, eigentlech, well dat ass, wéi d'Leit jo wëllen, datt d'Ekonomie fonctionéiert. D'Iddi hei ass: loosst eis eis produktiv Kräfte organiséieren, fir soziale Wuelstand a sozial Resultater ze verbesseren an esou och déi ekologesch Ziler ze verbesseren.
Tim Morizet: Mee läit et net an der Natur vum Mënsch ëmmer méi ze wëllen? Ass Wuesstem keng mënschlech Obsessioun?
Jason Hickel: Ech mengen, nach eng Kéier, et hänkt dovun of, wat dir mat Räichtum mengt, richteg? Mir schwätzen dacks iwwer Saachen, vun deene mir als Mënschheet oder als Gesellschaft profitéieren, richteg? An eise bestoende Produktiounssystem mécht dat net onbedéngt. Et ass e ganz verschwenderesche Produktiounssystem. Huelt d'Groussbritannien oder d'USA als Beispill, si hunn enorm Quantitéiten u Produktioun an awer massiv Mängel. An den USA kënnen eng 40 % vun de Leit sech keng Gesondheetsversuergung leeschten. 25 % vun de Leit liewen an engem ënnerstandardiséierte Wunnraum. An Europa hutt dir 90 Millioune Leit, deenen hir Grondbedierfnesser net erfëllt kënne ginn.
Dat ass esou, trotz engem risegen Niveau u Produktiounen, engem risege Niveau un Energie- a Materialverbrauch. De Grond fir dëse Paradox ass well eis Produktioun, eis produktiv Kapazitéiten, effektiv falsch zougewise sinn op dat, wat am meeschte profitabel fir Kapital ass, mee net onbedéngt dat, wat fir d'Leit profitabel ass.
Tim Morizet: Wat wieren d'Verloschter, déi mer missten a Kaf huelen, fir de Wuesstem ze bremsen, respektiv ganz ofzeschafen?
Jason Hickel: Ech mengen, et géifen haaptsächlech Gewënner ginn. D'Leit héieren "degrowth" an denken: "oh méi, dat wäert katastrophal sinn". Fir si bedeit et, datt all Forme vun der Produktioun an dem Konsum wäerten erofgoen a mer wäerten am Misär liewen. Mee dat ass net de Fall. "Degrowth" decidéiert spezifesch iwwer d'Zilsetzung vun zerstéierenden an onnéidege Forme vun der Produktioun. A jidderee ka sech dës virstellen: Privatjetten, SUVs, "fast fashion". Dat sinn eigentlech riseg Stécker vun eiser Gesellschaft, vun eiser Ekonomie, déi total irrelevant fir d'mënschlecht Wuelbefanne sinn an déi massiv materiell an energieintensiv sinn, an enorm ëmweltzerstéierend. Et wier also kee substantielle Verloscht fir d'Mënschen.
Tim Morizet: War de Kapitalismus net fréier – a senger Entstéing – eng nobel Iddi? Fir déi grouss Differenz tëscht den Ongläichheeten tëscht de Leit ze balancéieren?
Jason Hickel: Wann d'Leit u Kapitalismus denken, denke se dacks u Saache wéi Geschäfter, Mäert, Handel an esou Saachen. Mee wat interessant ass, ass datt Geschäfter a Mäert an Handel zënter Dausende vu Joer existéieren, laang virum Kapitalismus. Kapitalismus als ekonomescht System ass nëmmen e puer honnert Joer al an eigentlech fundamental ondemokratesch, richteg? Wann et ëm de System vun der Produktioun geet, de wirtschaftleche System, gëtt et guer keng Demokratie. Et ass Kapital, dat entscheet.
Tim Morizet: Fir Kontroll doriwwer ze kréien, brauch et och politesch Stäerkt. Mee Regierungen op der ganzer Welt hunn an de leschte Jore gekämpft. Déi lescht Méint waren net ganz einfach, fir Däitschland oder Frankräich och net. Mir gesinn, wéi schlecht d'Qualitéit vun der politescher Leadership ginn ass. D'multinational Konzerner gewannen u Muecht. Wéi baue mir d'Vertrauen an d'Muecht vun de Staaten erëm op a maachen, datt d'Leit un e gudden ëffentleche Secteur gleewen?
Jason Hickel: A ville vun den entwéckelte Länner ass de Secteur publique iwwert déi lescht Joerzéngten éischter ofgebaut ginn. Dat ass besonnesch wouer op Plazen wéi den USA a Groussbritannien, mee och an aneren Deeler vu Westeuropa. Dat ass eng bewosst politesch Entscheedung. Mee, wësst dir, eis Politiker hu systematesch Investitiounen a sozial noutwenneg Forme vun der Produktioun sabotéiert, fir datt et méi Kapazitéit fir d'Kapital gëtt amplaz an de Secteur publique ze investéieren. A Saachen, déi mer wëssen, datt mer se dréngend brauchen: zum Beispill bezuelbare Wunnraum, ëffentlechen Transport an erneierbar Energie.
Mer kéinte ganz, ganz héichqualitativ ëffentlech Servicer hunn, wa mer déi richteg Investitiounen dofir maachen. Ech mengen awer, datt Lëtzebuerg hei e ganz intressant Phenomen ass. De gratis ëffentlechen Transport. Dat ass e beandrockend Beispill vun deem, wat ëffentlech Servicer kënne sinn, wann déi richteg Investitioune gemaach ginn.
Tim Morizet: Mir hunn am Virfeld kuerz iwwert d'Pandemie geschwat. Wärend der Pandemie gouf et eng kuerz ëffentlech Diskussioun iwwer eng méiglech Revolutioun, Degrowth-Revolutioun. D'Leit hu méi Zäit dobausse verbruecht. Si hu méi no mënschleche Kontakter gesicht. Si hu manner Zäit op der Aarbecht verbruecht. E puer hu méi lokal akaaft, lokal Geschäfter ënnerstëtzt amplaz vu multinationale Konzerner. 24 Méint méi spéit awer, fillt et sech u wéi wann näischt geännert hätt. Sidd dir domat averstanen? An hu mer eng riseg Geleeënheet verpasst?
Jason Hickel: Jo, et ass kloer, näischt huet geännert. An et ass sou witzeg. Et war e risege Verrot op eng Manéier. Ech mengen, dat ass genee e Beispill vu wéi ondemokratesch eis Ekonomie eigentlech ass. Wärend der Kris, gouf et e gewaltegt Erwächen, wou d'Leit konnten ausdrécken, datt se eppes anescht wollten. Mee, natierlech gouf d'Opportunitéit net realiséiert. Soubal et méiglech war, hu se eis all zréck an d'Aarbecht gedréckt, bei déi selwecht Firmen, déi di selwecht Saache maachen ewéi virdrun. D'Ekonomie ass zréck op hir Existenz virdrun zeréckgaangen.
Et ass net just well mer gutt Iddien hunn an dofir wäerte Saachen änneren. Dat brauch Aarbecht. Dat brauch Organisatioun. Dat brauch politesch Maschinerie. An dat hate mer net.
Tim Morizet: Erlaabt eis Ekonomie, wéi se elo funktionéiert, eis op eist Wuelbefannen ze konzentréieren? A besonnesch op d'Wuelbefanne vun eise Kanner?
Jason Hickel: Loosst eis den Iwwergang zu erneierbaren Energien huelen, richteg? Mer hu fossil Brennstoffer a mer hunn erneierbar Energien. Mer wëssen, datt mer vu fossille Brennstoffer op erneierbar Energië musse wiesselen. Elo, fir eng laang Zäit, waren erneierbar Energien deier. Et kann een also verstoen, firwat de Wiessel net geschitt ass. Elo tendéieren erneierbar Energien awer méi bëlleg ze si wéi fossille Brennstoffer, heiansdo ganz wesentlech méi bëlleg. Mee mer gesinn net eng wierklech séier Entwécklung vun dësen Energien. De Grond ass d'Kapital. Fossil Brennstoffer si vill méi profitabel wéi erneierbar Energien, ongeféier dräimol méi profitabel am Duerchschnëtt. Also gëtt weider an d'Produktioun vun de Fossillen investéiert och wa mer wëssen, datt dat d'Ëmwelt futti mécht. Och wa mer wëssen, datt et d'Zukunft vun eise Kanner verbrennt.