Lancement vu Preventiounscampagne, fir de Jugendschutz ze verbesseren

Virop war et Kritik un de Vapes, déi vill Jugendlecher unzéien. / © AFP
Knapps eng Stonn no den Aussoe vun der Margot Heirendt huet déi Belsch-Lëtzebuerger Federatioun vun den Zigarettefabrikante reagéiert.
Cimabel géif eng Preventiounscampagne lancéieren, fir de Jugendschutz ze verbesseren. Heintz Van Landewyck, British American Tobacco, Imperial Brands, Japan Tobacco International a Philip Morris Benelux ënnersträichen an hirem Communiqué, hir Tubaks- a Vapotageproduite wieren ausschliisslech fir Erwuessener geduecht. Dofir wëlle si d’Händler mat Pechbiller a Messagen op den Ecranen an den Tubaksbutteker sensibiliséieren, esou Produiten net u Mineuren ze verkafen.
Den Tubakshändler hiert Engagement fir de Jugendschutz huet awer Limitten. E Verkafsverbuet u Jugendlecher, wéi et an den Nopeschlänner geplangt ass, ënnerstëtze si net. An hirem Communiqué ass keng Rieds dovun, datt hir Sensibiliséierungscampagne bei den Zigarettenhändler iwwerflësseg wier, wann een den Händler per Gesetz géing verbidden, Tubaks- oder Nikotinproduiten u Mannerjäreger ze verkafen.