Fondation Cancer: Vapes an Nikotinsäckelcher solle verbuede ginn
E Mëttwoch de Moie war d'Fëmmgesetz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et ass evident, datt mer méi e strengt Fëmmgesetz brauchen, seet d’Direktesch vun der Fondatioun Cancer Margot Heirendt. Si war de Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Op EU-Niveau ginn aktuell méi streng Reegele fir d’Fëmmen am Fräien diskutéiert. D’EU-Gesondheetsministeren – och Lëtzebuerg – ënnerstëtze majoritär e Verbuet um Busarrêt oder op der Terrass vun engem Lokal zum Beispill. D’Gesondheetspolitik gëtt awer vun den eenzele Länner decidéiert.
Déi Jonk musse méi geschützt ginn
Et geet eis drëms, déi Jonk ze schützen, ënnersträicht d’Direktesch vun der Kriibs-Stëftung, an net mam Fanger op de Fëmmert ze weisen. Dee misst éischter méi gehollef kréien, wann e wéilt ophalen. Et bräicht een e Mentalitéitswiessel. Dowéinst och d'Strategie "Generatioun ouni Tubak 2040". Da solle just nach 5% vun de Leit fëmmen. Den Ament gräift besonnesch bei de Jonken all Drëtten zur Zigarett.
Vapes an Nikotinsäckelcher verbidden
D'Tubaksindustrie zillt sech awer gären nei Clienten a gëtt ëmmer nei Produiten eraus, déi kloer déi Jonk viséieren. Zum Beispill d’Vapes, dat si faarweg, séiss Wegwerf-E-Zigaretten. Oder Nikotinsäckelcher, déi ee sech hannert d’Lëps stécht. Déi sinn hei am Land fräi verkeeflech. D’Vapes an d’Nikotinsäckelcher missten hei am Land verbuede ginn, esou wéi an anere Länner och, fuerdert d’Fondation Cancer. Aktuell solle just d’Säckelcher, also déi Pouches, méi streng gereegelt ginn. Un engem neien Antifëmmgesetz gëtt geschafft.
1,4 Milliarden Euro Steiere mat Tubaksproduiten
Wat d'Steieren ugeet, déi duerch Tubaksproduiten erakommen, do misst een och vergläichen, wéi vill erakënnt a wat déi gesondheetlech Konsequenze kaschten. Dëst Joer sollen d’Tubakssteieren 1,4 Milliarden Euro ausmaachen.
Jugendschutz beim Alkohol ze large
Den Alkohol ass och schonn a klengen Dose kriibserreegend. Dat muss ee leider ëmmer nees widderhuelen, ënnersträicht d’Direktesch vun der Fondatioun Cancer. De Jugendschutz wier zu Lëtzebuerg ze large. Mat 16 sinn all Zorten Alkohol erlaabt, och de staarken Alkohol. De Gros vun den aneren EU-Länner ass do däitlech méi streng.
30 Joer Fondation Cancer
Bal all Zweeten ass a sengem Liewe vu Kriibs betraff. Kriibskranker an hir Famillen ënnerstëtzten, ass dowéinst e grousst Uleies vun der Fondatioun. Ëmmer méi Jonker si betraff, och wéinst der Fréierkennung. Kriibs ass och haut dacks keen Doudesurteel méi. Eng Prioritéit wier et, déi Concernéiert an der Aarbecht an am soziale Liewen ze halen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.