"Wat mer dacks héieren: 'Et war dee schéinsten Dag bis elo vum Joer fir mech'"
Schonn zanter Joerzéngte bitt d'Initiativ Noël de la Rue Sans-abrien a Mënschen an Nout eng Plaz, fir Chrëschtdag net mussen an der Keelt ze verbréngen.
Déi meescht Leit hu Chrëschtdag oder Chrëschtowend an der Famill oder bei Frënn verbruecht, anerer sinn eleng doheem an da ginn et déi, déi keen doheem hunn, mee op der Strooss liewen, respektiv mol a Foyeren iwwernuechten. Fir dass si Chrëschtdag net an der Keelt dobausse verbrénge mussen, gëtt et zanter Joerzéngten d'Initiativ vum Noël de la Rue.
Scho géint 9 Auer hunn d'Preparatiounen ugefaangen, fir géint 11 Auer déi éischt Gäscht um traditionellen Noël de la Rue ze empfänken. Déi ganz Ekipp huet sech getraff, fir déi lescht Detailer ze koordinéieren. Wien hëlleft wou – en Dag wéi dëse brauch vill Planifikatioun. Dat meescht am Virfeld – e puer Stonne virdru geet et awer nach emol héich hier.
80 Benevole si mat dobäi – ënnert hinnen d’Sandra Pereira. Si bekëmmert sech ënner anerem ëm d’Koordinatioun vun de Kaddoen. Et si Saache fir déi alldeeglech Besoinen. D’Mutze goufen an Altersheimer gestreckt – a genau wéi déi meescht aner Kaddoe gespent. D’Sandra ass zanter knapp engem Joerzéngt dobäi. Chrëschtdag mat deene Leit, déi eleng sinn oder deenen et net esou gutt geet, gehéiert zum feste Rendez-vous.
"Ech war 2015 déi éischte kéier dobäi. Et war deemools keng einfach Zäit fir mech. Do huet meng Schwëster mech matgerappt – an zanterhier sinn ech all Joer mat dobäi."
Den Noël de la Rue ass eng Traditioun, déi scho Joerzéngten zeréckgeet. Gedeckt gouf dëst Joer fir 350 Leit. D’Zuel u Gäscht variéiert vu Joer zu Joer. Geet tendenziell awer erop, wéi de Leon Kraus, Organisateur vum Noël de la Rue erkläert.
"D’Traditioun ass et, fir déi, déi op der Strooss oder an der Einsamkeet liewen, op dësem Dag eng Freed ze maachen. Et geet drëm, d’Leit aus der Keelt an e waarme Raum ze huelen – Chrëschtdag mat hinnen ze erliewen, ze feieren an, datt se duerno beschenkt heem ginn. An, datt se kënne soen, wat mer dacks hei héieren: 'Et war dee schéinsten Dag bis elo vum Joer fir mech'."
Glécklecherweis - fir d’Organisatioun – ass et mëttlerweil kee Problem, méi Benevollen ze fannen. Donatiounen allerdéngs sinn 2024 ageknéckt. Dat aus engem Grond:
"D’Leit gi manner gäre Suen, mee méi konkret eppes. Dat ass ganz kloer. Villäicht bedéngt duerch dat, wat mer zu Lëtzebuerg dëst Joer erlieft hunn. Mir wëllen och net gäre mat Annoncen drop hiweisen, datt mer Sue brauchen. All Suen, déi eis gespent ginn, do uechte mer drop, datt déi integral an dat Fest hei investéiert ginn."
Et ass e Fest vun der Freed. Um 12.10 Auer goufen dann och déi éischt Zoppe verdeelt. Bis um 13 Auer war och schonn all Stull besat. Et war de Start an en Dag voller Aktivitéiten, Spaass a Freed: deen esou muncher een esou séier net wäert vergiessen.