Chauffer rennt a Potto op Tankstell a gëtt bei Flucht vu Mataarbechter gestoppt
Symbolbild / © RTL
En Donneschdeg den Owend hunn d'Beamte vun der Police zwee Permise vun Automobilisten agezunn, déi ze vill gedronk haten.
Op enger Tankstell zu Leideleng war e Chauffer, dee wuel sichtlech ze vill gedronk hat, mat sengem Gefier an e Potto gerannt. Obwuel et dobäi zu engem grousse Materialschued um Auto koum, wollt den Automobilist weiderfueren. Heibäi gouf hien awer vu Mataarbechter vun der Tankstell gestéiert a gestoppt. D'Beamten, déi op d'Plaz geruff gi waren, hunn doropshin en Alkoholtest mam Chauffer gemaach, dee positiv ausgefall ass. De Permis gouf agezunn.
E weidere Fürerschäin war dee selwechten Owend nach agezu ginn, nodeems zu Viichten an der Haaptstrooss en Auto gemellt gi war, deen a Schlaangelinne gefuer an dobäi e puer Mol widder den Trottoire gerannt ass. Op der N7 konnt eng Patrull den Auto stoppen a kontrolléieren. Och hei hat den Automobilist ze vill gedronk.